arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Santé: Et gi keng Zuelen iwwer den Asaz vun Defibrillatoren

Häerzstëllstand

|
headphones

2 min

Santé: Et gi keng Zuelen iwwer den Asaz vun Defibrillatoren

Zënter 2008 ass den Asaz vun Defibrillatoren op ëffentleche Plazen hei am Land per Gesetz gereegelt. Allerdéngs géifen et keng offiziell Statistiken iwwer den Asaz vun den Apparater ginn, äntwert d’Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun déi gréng. 

headphones

2 min

défibrillateurs externes  automatisés (DEA) | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
défibrillateurs externes automatisés (DEA) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Et géif keng Obligatioun bestoe fir Defibrillatoren ze deklaréieren an dofir géifen et och keng prezis Zuelen iwwer den Asaz ginn, esou de Santésministère an den Inneministère an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéiert Djuna Bernard a Meris Sehovic. 

Keng prezis Zuele fir Lëtzebuerg

D’Ministère verweisen op de Site reagis.lu. Offiziell sinn do 714 Defibrillatore gemellt.

An der Äntwert gëtt op europäesch Statistike vun EuReCa higewisen. Deemno géifen tëschent 14 a 17 Prozent vun de Patientinnen a Patiente mat engem Häerzstëllstand mat engem ëffentlechen Defibrillator behandelt ginn. Dës Zuele sinn aus eenzelne Perioden aus de Joren 2017 bis 2023.

Den Asaz vun Defibrillatore geschitt op Initiativ vun de Gemengen, respektiv vun aneren Acteuren. De Staat hält sech mat Virgaben an Oplagen zeréck.

Eng Obligatioun gëtt et net, och wann ëmmer méi Gemengen dës Apparater op strategesch wichtegen ëffentleche Plaze géifen installéieren.

Nei App "staying alive"

Déi zoustänneg Ministère verweisen op d’Applicatioun "staying alive", déi deemnächst soll agesat ginn. Hei soll een op enger digitaler Kaart den Iwwerbléck iwwer déi eenzel Standuerter kréien.

De CGDIS wéilt iwwer dee Wee préiwen, wéi laang et dauert bis esou een Apparat accessibel ass.

Wat d’Formatioun fir de Gebrauch vun den Defibrillatoren ugeet – déi vu jidderengem kënne benotzt ginn – verweise béid Ministèren an hirer Äntwert op de Site reagis.lu, respektiv op déi sëlleg Éischt-Hëllefs-Coursen, déi ugebuede ginn. De CGDIS forméiert ronn 23.000 Leit op éischt Hëllef pro Joer.

Eng speziell Sensibiliséierungscampagne leeft all Joers um Dag vum Häerz, den 28. September.