D’Sanktioune géint den Iran aus de Joren 2006 bis 2010 goufen 2015 ausser Kraaft gesat. Dat mam een Atomofkommes mat Däitschland Groussbritannien a Frankräich.
Déi dräi Länner hu virun engem Mount de sougenannten SNAP-BACK-Mechanismus an d’Weeër geleet duerch deen d’Sanktiounen nees sollen applizéiert ginn. Hannergrond si Verstéiss géint deen Atomdeal.
Zënter 2018 Engagementer ëmmer manner respektéiert
Den iraneschen Atomkraaftprogramm sollt op Äis geluecht ginn. Gefaart gëtt nämlech, datt den Iran duerch d’Uran-Uräicherung kann eng Atombomm entwéckelen. Datt déi dräi Länner elo Wëlles hunn d’Sanktiounen nees anzeféieren, wier an den Ae vum iranesche President verantwortungslos. Hien huet um Samschdegmoie gemellt datt d’USA vun Teheran fuerderen, datt si hire gesamten ugeräicherten Uran ofginn.
Schonn 2018 haten d’USA sech aus deem Atomprogrammofkommes zeréckgezunn. Doropshin hat Teheran dat als Broch vum Accord bezeechent, an huet seng Engagementer ëmmer manner respektéiert. Eng Acceleratioun gouf et Mëtt Juni, wéi Israel mat Hëllef vun den USA iranesch Nuklearinstallatiounen bombardéiert hunn. D’Kooperatioun mat der internationaler Atomenergieagence war och um Nullpunkt ukomm. Et ass déi Agence déi d’Installatioune sollt kontrolléieren.
Uran méi staark ugeräichert wéi néideg
Groussbritannien, Frankräich an Däitschland reprochéieren dem Iran virun Allem datt se Uran 40 Mol méi staark ugeräichert hunn, ewéi dat fir zivil Zwecker néideg ass.
Virun der israeelescher Attack hätt den Iran 400 Kilo Uran mat engem Rengheetsgrad vu 60 Prozent gehat. Fir de Bau vun Atomwaffe sinn 90 Prozent néideg.
Déi Sanktiounen déi elo sollen nees a Kraaft trieden, verstäerken den Drock op den Iran. Aktuell viséiere scho Sanktiounen den Energiesecteur, wat eng wirtschaftlech Kris ausgeléist hat.
D’Land ass och gréisstendeels vum internationale Bezuelungsreseau ofgekoppelt ginn. Mat där Reaktivéierung vun de Strofe gëllt dann een allgemenge Waffenembargo an Organisatiounen an eenzel Persoune ginn och domat viséiert.