arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sämtlech Citroen C3 an DS3 ginn zréckgeruff

No Frankräich elo och Lëtzebuerg

|
reading time

1 min

Sämtlech Citroen C3 an DS3 ginn zréckgeruff

Den Automobilkonzern Stellanis rifft elo och zu Lëtzebuerg sämtlech Citroen C3 an DS3 zréck. Dat, wéinst den Airbage vum Modell Takata, déi defekt sinn an zu déidleche Blessure féiere kënnen.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

Zu Lëtzebuerg sinn deemno eng 351 Autoe betraff. De Proprietäre geet geroden hir Autoe guer net méi ze benotzen, bis dat den Airbag System gewiesselt gouf. Déi concernéiert Proprietäre sollen deemnächst per Courrier kontaktéiert ginn.

An enger éischter Campagne am Februar des Joers ware schonn 1118 Proprietäre kontaktéiert ginn.