arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sammelkloe ginn och hei am Land méiglech - Kritik vun der ULC

CHAMBER

|
headphones

1 min

Sammelkloe ginn och hei am Land méiglech - Kritik vun der ULC

An der Chamber gouf um Donneschdegmoien de Projet de Loi fir Sammelkloen unanime ugeholl. Domat soll et méi einfach fir Konsumenten sinn, déi sech zesummen dinn, fir eng gemeinsam Plainte ze deposéieren géint ee professionellen Acteur, also beispillsweis eng Entreprise.

headphones

1 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

An engem Communiqué äussert d’Union des consommateurs (ULC) sech kritesch: Et wier duerchaus ze begréissen, datt d’Gesetz elo gestëmmt ginn ass, souguer wann et zwee Joer méi spéit wier, wéi vun der EU virgesinn. Mee an hiren Aen ass de Projet de Loi awer verwässert ginn.

Zum Beispill wier keng speziell Prozedur virgesinn, fir eng aussergeriichtlech Eenegung, déi vum Staat finanzéiert gëtt, bedauert d’ULC an hirem Communiqué.