arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sam Tanson: Regierung ass selwer fir Patronatsfrustratioun responsabel

Sozialronn

|
reading time

1 min

Sam Tanson: Regierung ass selwer fir Patronatsfrustratioun responsabel

Nodeems den UEL-President Michel Reckinger seng Kritik un de Sozialronnen an enger Partie Interviewen däitlech gemaach huet, gesäit déi Gréng Deputéiert Sam Tanson de Feeler kloer bei der Regierung.

reading time

1 min

De Michel Reckinger hat an Interviewe mam Lëtzebuerger Wort a mam RTL bedauert, datt d'Proposen, déi RTL rezent verëffentlecht hat, virun allem Propose vun de Gewerkschafte wieren an dem Patronat guer net entgéint kéimen. Op eis Nofro hi sot d’Sam Tanson, datt een dem Patronatsverband seng Frustratioun mat de Sozialronne kéint novollzéien.

D'Regierung hätt dem Patronat iwwer 18 Méint ze verstoe ginn, datt et alles géif kréien, wat et wéilt. Dobäi hätt d'Regierung awer negligéiert, datt et net just d'Patronat an d'Regierung gëtt, mee och nach Gewerkschaften an ee Parlament an eng Zivilgesellschaft.

“An datt een am Fong Interêt huet, éier ee Saachen op den Dësch leet, ze kucken, esou gutt wéi méiglech e gemeinsamen Nenner bei verschiddene Positiounen ze kréien.”

Déi verëffentlecht Propose vun de Sozialronne kéint ee schwéier aschätzen, vu datt d'Regierung géif refuséiere mat der Chamber driwwer ze diskutéieren. Och op eis Nofro hin, verweist dem Premier Luc Frieden säi Büro op de Pressebriefing den Donneschdeg. Et wéilt een iwwert de Summer eng Partie Berechnunge maachen. D'Virschléi vu bis elo wieren awer nach net schrëftlech formuléiert an un d’Sozialpartner geschéckt ginn, esou de Luc Frieden den Donneschdeg.