arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sachsen-Anhalt: Rietsextreem AfD gewënnt, kritt awer keng absolut Majoritéit

Däitschland

|
reading time

2 min

Sachsen-Anhalt: Rietsextreem AfD gewënnt, kritt awer keng absolut Majoritéit

Am ostdäitsche Bundesland Sachsen-Anhalt huet déi rietsextreem AfD d‘Landtagswal mat groussem Virsprong gewonnen. Eng absolut Majoritéit huet si awer verpasst a kann domat net eleng regéieren.

reading time

2 min

© picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto / Xrx
(Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto / Xrx)

Dem virleefege Schlussresultat no kënnt d‘AfD op 43,8 Prozent oder 39 Sëtz. Méi wéi duebel esou vill wéi bei der leschter Wal viru fënnef Joer. An dat bei enger Rekord-Walbedeelegung vu ronn 80 Prozent. Der AfD feele just dräi Sëtz fir eng absolut Majoritéit.

D‘CDU, déi bis elo de Ministerpresident gestallt huet, verléiert iwwer d‘Hallschent a stierzt op 17,2 Prozent oder 15 Sëtz of. 

Bei hiren zwee Koalitiounspartner vu bis elo kënnt d‘SPD op 9,3 Prozent, oder 8 Sëtz, wärend d‘FDP mat just 2,6 Prozent net méi an de Landtag kënnt.

Och déi déi Gréng an déi Lénk kréie jeeweils 8 Sëtz. 

D‘Bündnis Sarah Wagenknecht BSW zitt mat 5,1 Prozent fir déi éischte Kéier an de Landtag a kritt do 5 Sëtz.

Wéi geet et elo weider? 

D’Regierungsbildung zu Magdeburg deit sech als äusserst komplizéiert un. D‘AfD ka mat 39 Sëtz net eleng regéieren, dofir bräicht se der 42. Eng Méiglechkeet wier, wann dräi Sëtz vun der CDU bei d‘AfD géifen iwwersprangen.

Dann huet d‘Bündnis Sarah Wagenknecht als eenzeg Partei gesot, fir si géif déi sougenannte "Brandmauer" net gëllen, a BSW wier oppe fir eng Zesummenaarbecht mat der AfD. Dat awer, wéi et ausgesäit, net an enger klassescher Koalitioun, well BSW bis elo, wéi hir Co-Spëtzekandidatin Claudia Wittig sot, net bereet ass, den Ulrich Siegmund vun der AfD als Ministerpresident ze wielen.

Deen huet a sengen Aussoen ugedeit, datt d‘AfD net méi onbedéngt un hirem virun de Walen ëmmer nees geäussert Prinzip festhält, fir nëmmen eleng a Sachsen-Anhalt ze regéieren.

Ausser BSW halen awer all aner Parteien un der Brandmauerfest. Dat heescht, si schléissen eng Zesummenaarbecht mat der AfD aus. Reng rechneresch wier eng Majoritéitsregierung ouni d‘AfD tëschent allen anere Parteien, also CDU, SPD, Grüne, Linke a BSW, méiglech.

Mee d‘CDU huet eng Koalitioun mat der Linkspartei bis elo ëmmer strikt ausgeschloss.