An engem gemeinsame Communiqué haten d‘Lëtzebuerger Police an d‘Bundespolizei-Direktion Koblenz de Freideg Moien annoncéiert, datt vun haut Freideg un nei Prozedure bei de Grenzkontrollen op der Saarautobunn bei der Moselbrücke zu Schengen gëllen.
Am September zejoert hat Däitschland do, an op anere Plazen, nees temporär Grenzkontrollen ageféiert, fir déi illegal Immigratioun a Kriminalitéit ze bekämpfen.
Duerch déi Kontrollen ass vill Stau entstanen, d‘Inneministeren aus béide Länner goufe sech iwwert eng "méi flexibel Handhabung" vun de Grenzkontrollen eens. An et goufen nei Prozeduren ageféiert.
Deemno sollen elo schonn op Lëtzebuerger Säit Autoen identifizéiert ginn, déi dann op der däitscher Säit, aus dem Verkéier gezunn an um Parkplaz Moseltal kontrolléiert géife ginn. Doduerch géif d’Eespueregkeet an d’Vitesslimitatioun vun 20 Kilometer an der Stonn ewechfalen, esou dat gemeinsaamt Schreiwes vun der Police aus béide Länner.
Identifikatioun op Lëtzebuerger Terrain, Kontroll an Däitschland
Op Nofro hin huet d'Lëtzebuerger Police eis de Freideg de Mëtteg per Email preziséiert: Effektiv géif op lëtzebuergescher Säit gekuckt ginn, fir Gefierer, déi fir eng Kontroll pertinent kéinte sinn, z’identifizéieren. Un där Prozedur wiere souwuel lëtzebuergesch wéi och däitsch Beamte bedeelegt. D’Kontrolle selwer wieren awer integral an Däitschland a géife vun den däitschen Autoritéiten duerchgeféiert ginn, schreift der Police hir Diretrice Adjointe vun der Kommunikatioun, Catherine Weber.
Zur Dauer vun dëser Mesure kéint d’Police den Ament näischt soen. D’Approche géif lafend evaluéiert a wa néideg adaptéiert ginn.