Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: De PIB ass nees um wuessen

Wirtschaft

STATEC: De PIB ass nees um wuessen

De STATEC notéiert fir dat éischt Trimester vun dësem Joer nees e Wuesstem vum PIB am Volume. D‘Bruttoinlandprodukt wier am éischten Trimester ëm 0,5 Prozent geklomme par rapport zum Trimester virdrun.

auto_stories

1 min

Am Verglach zum éischten Trimester zejoert war et am éischten Trimester dëst Joer awer nach e Minus vun 0.4 Prozent.

De STATEC huet och d'Evolutioun vum PIB zejoert revidéiert. Dat lescht Trimester zejoert géif bei -0.6 Prozent bleiwen. Dat drëtt Trimester zejoert léich bei -2 Prozent am Plaz vu -2.1 Prozent.

Fir dat zweet Trimester zejoert gouf de PIB am Volume iwwerdeems op -0,4 Prozent amplaz vu -0,5 Prozent revidéiert.