An den éischten dräi Méint vum Joer sinn am Ganzen 317 Betriber Faillite gaangen. Doduerch wieren eng geschaten 1.240 Aarbechtsplaze verluer gaangen. Esou vill, wéi zanter 2011 net méi an engem Trimester.
Eleng am Bausecteur hätt et am éischten Trimester 81 Faillite ginn, mat engem Verloscht vu 660 Aarbechtsplazen.
Weider betraffe Secteure sinn de Commerce, mat 47 Faillitten, an d‘Horesca, mat 32 Faillitten an den éischten dräi Méint vum Joer.