Dëse “soziale Barometer” hunn déi Responsabel vum STATEC um Mëttwochmoien op Esch-Belval presentéiert.
Den Taux de pauvreté monétaire oder Taux de risque de pauvreté louch d’lescht Joer bei 18,1 Prozent. 2023 louch dësen Taux nach bei 18,8 Prozent. D’Aarmut ass also liicht zréck gaangen.
De STATEC-Direkter Tom Haas weist awer drop hin, datt et verschidden Indicateure ginn, fir d’Aarmut ze moossen.
"Do ass och dee ganz wichtege Message, datt ee sech net soll op een Indicateur beschränken. Dat ass weder gutt, wann een nëmmen op de PIB kuckt, wann et ëm d'Wirtschaft geet oder nëmmen op CO2-Emissiounen, wann et ëm d'Ëmwelt geet. Sou ass et och am soziale Beräich. Et gëtt net nëmmen een Indicateur. Et ginn natierlech Indicateuren, déi méi bekannt si wéi deen aneren. Do geet et dann ëm déi monetär Pauvretéit, wou elo den Indicateur liicht erofgaang ass. D'lescht Joer war e liicht eropgaang.
Aarmut an deene leschte Jore geklomm
Insgesamt op déi lescht fënnef Joer gekuckt, wier deen éischter stabel, esou den Tom Haas. Wann ee méi wäit zréck géif goen an d'Vergaangenheet, iwwer e puer Joerzéngten, dann géif een eng Hausse vun der Pauvretéit feststellen.
2004 louch den Taux de pauvreté monétaire bei 12,4 Prozent. 20 Joer drop – also 2024 – louch dësen Taux bei 18,1 Prozent. Dat bedeit, datt d’lescht Joer bal ee Fënneftel vun de Leit hei am Land mat manner wéi 2.540 Euro de Mount hu mussen auskommen.