Villen Enseignante geet et kierperlech a psychesch net gutt, sou den SNE. Eng Etude vun der Uni aus de Joren 21/22 huet erginn, datt 31 Prozent kuerz virun engem Burnout stinn. D'Gewerkschaft wëllt elo Drock op den Educatiounsminister maachen a seet, per Autocollant-Actioun "Stopp, d'Inclusioun huet hir Grenzen", "Stopp, eis Gesondheet op d'Spill ze setzen", a "Stopp mam administrative Waasserkapp". Den SNE hofft iwwer d'Campagne en oppent Ouer beim Minister ze fannen a mat him an d'Gespréich ze kommen, fir d'Situatioun ze verbesseren.
arrow_back_ios
search
search
/ SNE: Vill Enseignantë sinn an enger schlechter Verfassung
31 Prozent kuerz viru Burnout
SNE: Vill Enseignantë sinn an enger schlechter Verfassung
Den SNE seet Stopp a lancéiert eng Campagne fir op d'Situatioun vun den Enseignanten an de Grondschoulen opmierksam ze maachen.
auto_stories
1 min
Foto: Christiane Kleer