arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SNE/CGFP begréisst Thematiséierung vu Gewalt an der Schoul um politesche Niveau

Schoul

|
reading time

1 min

SNE/CGFP begréisst Thematiséierung vu Gewalt an der Schoul um politesche Niveau

D‘Enseignantsgewerkschaft SNE vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP begréisst, datt d‘Theema Gewalt an der Schoul och op politeschem Niveau méi Opmierksamkeet kritt. Dat nodeems d‘Gewalt an der Schoul dës Woch och an der Chamber thematiséiert gouf.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Taylan Gökalp
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)

Do hat och den DP-Educatiounsminister Claude Meisch ënner anerem betount, datt een an der Krisentintervetioun misst "besser ginn". 

Präventioun méi an de Virdergrond stellen

Kriseninterventioun géif dem SNE no awer net duergoen. Den SNE fuerdert dofir ënner anerem enger Präventiouns-, Hëllefs-, an Interventiounsstruktur.

Iwwerdeems fuerdert den SNE, datt et misst méiglech sinn ee Kand aus dem reguläre Schoulkader ze huelen, wann aner Schüler oder d‘Schoulpersonal a Gefor bréngt.

Am deem Fall misst den Unterrecht an den Hannergrond réckelen an d‘Kand an engem spezialiséierten Zenter kënne betreit ginn, mam Zil duerno nees an d‘Schoul integréiert ze ginn, esou den SNE/CGFP.