search

/ Klo géint Reporter.lu: Plaignant fuerdert, datt Artikel zeréckgezu gëtt

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Klo géint Reporter.lu: Plaignant fuerdert, datt Artikel zeréckgezu gëtt

Um Stater Référé gouf sech mat enger Klo vum Geschäftsmann Pierre Grotz géint Reporter.lu befaasst. Enn Februar hat den Onlinemagasinn en Artikel iwwer de Geschäftsmann publizéiert, well deen an Ofwiesenheet, wéinst schwéierem Steierbedruch, zu enger Geldstrof vun 200.000 Euro verurteelt gouf.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

2021 scho war et zu enger Denonciatioun bei der Steierverwaltung komm. De Pierre Grotz soll 2015 ronn 185.000 Euro Steieren ze wéineg bezuelt hunn. De Riichteren no hätt de Geschäftsmann d’Absicht gehat, fir d’Gesetz ze ëmgoen, woufir déi Geldstrof gesprach gouf. Iwwer den Artikel am Onlinemagasinn war de Geschäftsmann net frou.

Affekot vum Geschäftsmann fuerdert, datt Artikel zeréckgezu gëtt

Den Affekot vum Geschäftsmann huet betount, datt datt den Artikel online publizéiert gouf an och net-Abonnéierter genuch dovu gelies kruten. Hien hätt d’Journalistin drop higewisen, datt d’Urteeler vun der Justiz anonymiséiert wieren; nawell hätt si deen Artikel publizéiert, mam Numm vum Client. Den Affekot huet der Journalistin Béiswëllegkeet virgehäit an eng Absicht, fir ze schueden. 

Si hätt e Kont wëlle reegelen, mee d’Päerd wiere mat hir duerchgaangen. Am Artikel hätten och falsch Informatioune gestanen. Säi Client hätt e Schued doduerch. Dofir huet de Me Laurent Ries gefuerdert, datt den Artikel misst zeréckgezu ginn. Schuedenersatz géif een net froen, mee den Artikel sollt net sou um Site stoen.

SLAPP Klo déi kritesch Stëmmen aschüchtere wëll

Den Affekot vu reporter.lu huet ënner anerem d’Nullitéit vun der Prozedur gefrot, well de Pierre Grotz net an der EU wunnt, mee zu Dubai. Fir den Affekot vun der Journalistin wieren d’Konditioune fir e Référé net erfëllt an hätt de Geschäftsmann och keen Droit de réponse gefrot. Hei géif d’Meenungsfräiheet spillen, an den Artikel zréckzezéien, wier déi schlëmmst Atteinte dovun.

De Me Hervé Hansen an de Me Sünnen hunn d’Plainte nach als eng SLAPP-Klo bezeechent. Sou gi jo Kloe genannt, mat deene kritesch Stëmme sollen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affäre vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen.

D’Zil vu sou Kloen ass et net, fir e Prozess ze gewannen, mee fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren. D’Urteel an dëser Affär gëtt den 3. Abrëll gesprach.

play_arrow Lauschteren