Virun allem wéinst héije Betribsausgaben an enger Hausse vun den Energiekäschten hätt de Syndikatscomité unanime eng Augmentatioun vun den Tariffer, réckwierkend op den 1. Juli, festgehalen.
Méi héich Käschte wéi Recetten
An de Comités-Assembléeë wieren d’Käschteprevisioune fir dëst Joer mat eppes iwwer 4,1 Milliounen Euro festgehale ginn, wärend déi viraussichtlech Recettë bei knapp 3,3 Milliounen Euro léichen, sou d’Argument vum interkommunalen Offallsyndikat an engem Schreiwes.
An deem zielt de SIDEC nach eng Rei Punkten op, déi zu dësem Defizit bäigedroen hunn. Ënnert anerem eng Hausse vu ronn 1 Millioun Euro bei den Energiekäschten an ee Käschtepunkt vu ronn 4 Milliounen Euro am Kader vun engem Recycling-Pilotprojet vu viru puer Joer.
D’Kritik vum Konsumenteschutz, et géif un Transparenz an der Käschtekultur vum SIDEC feelen, léisst d’Presidentin Christiane Eicher-Karier net gëllen.
“Mir hunn de Gemengen am November schonn eng Note ginn, wat d’Präisser wäerte sinn, a virun allem, wat de SIDEC wäert brauchen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Dat hu mir do matgedeelt. A wéi dann do d’Rechnung gemaach gëtt, dat mécht d’Gemeng, do spillt d’Autonomie communale, an de SIDEC eigentlech net méi.”
Zukünfteg keng Präishaussë méi
Och d’Fuerderung vun der ULC vun enger onofhängeger Iwwerpréiwung gesäit de SIDEC net an. Hei géif den Offallsyndikat schonn déi néideg Krittären erfëllen.
“Also mir ënnerleie jo dem Interieur, dee kontrolléiert eis. An all Remarque, déi den Interieur mécht, op déi äntwere mir. A wa si net zefridde sinn, da komme si rëm zeréck op eis. Mee mir hunn zu näischt iergendee Problem. Ech mengen eis Präisser sinn esou present an esou esou public dobaussen, wéi vu kaum engem anere Syndikat."
Den Offallsyndikat rechent iwwerdeems an noer Zukunft net mat weidere Präisaugmentatiounen, esou nach Christiane Eicher-Karier vum SIDEC. Vun de Präisshaussë sinn am ganze 45 Gemenge betraff.