De Revenu wier an den éischten 9 Méint vun dësem Joer am Joresverglach ëm bal 20 Prozent geklommen, op ronn 1,75 Milliarden Euro. Den Nettobenefice bis elo läit bei 71 Milliounen Euro.
Als Opportunitéite fir d‘Zukunft nennt de CEO Adel Al-Saleh ënnert anerem Kontrakter am Kontext vun de méi héije Verdeedegungs-Ausgabe vun Europa an de NATO Länner.
Ënner anerem huet SES mat der amerikanescher Regierung e 5-Joer Kontrakt ofgeschloss, fir der amerikanescher Arméi Satellitte-Kommunikatiouns-Servicer zur Verfügung ze stellen.