Russland wier schëlleg gesprach ginn, ukrainesch Zivilisten an Zaldoten exekutéiert a gefoltert ze hunn.
Grouss russesch Loftattacken
Russland huet an der Nuecht op e Mëttwoch déi gréisste Loftattacken op d’Ukrain lancéiert zënter dem Ufank vum Krich am Februar 2022.
Kiew seet, Russland hätt méi wéi 700 Kampfdrone fortgeschoss - déi meescht hätte kënnen interceptéiert ginn.
USA nees bereet fir Waffeliwwerungen
Iwwerdeems schéngt den amerikanesche President Donald Trump erëm bereet, méi Waffen un d‘Ukrain ze liwweren. Dorënner och e weidere Patriot-Loft-Ofwier-System, esou de Wall Street Journal.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenkyj sot, d‘Ukrain wéilt nees méi intensiv Gespréicher mat den USA féieren, an den Donald Trump géif sech oppe weisen, fir Waffeliwwerungen, déi hie gestoppt huet, nees ze erlaben.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass um Mëttwoch fir eng Visitt zu Roum ukomm. Do soll hien eng Entrevue mam Poopst Leo a mam italieenesche President Sergio Matarella hunn.