arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland refuséiert weider d‘Presenz vu westlechen Truppen an der Ukrain

Als Sécherheetsgarantie

|
headphones

1 min

Russland refuséiert weider d‘Presenz vu westlechen Truppen an der Ukrain

Dat huet de russesche President Wladimir Putin haut um Freideg op engem ekonomesche Forum zu Wladiwostock widderholl.

headphones

1 min

Wladimir Putin (Archiv) | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Wladimir Putin (Archiv) (Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

All westlechen Zaldoten an der Ukrain géif Russland als legitimt Zil fir Attacken ugesi, esou de russesche Staatschef. Wat een eventuellt Treffe mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ugeet, sot de Putin. Wann et zu engem Treffe kënntt, misst dat zu Moskau sinn. An d‘Ausland géif hie fir sou en Treffen net reesen, esou de russesche President. De Wolodymyr Selenskyj huet en Treffen zu Moskau schonn ofgeleent.