arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland an Ukrain eenege sech op weideren Prisonéier-Austausch

No Verhandlungen

|
reading time

1 min

Russland an Ukrain eenege sech op weideren Prisonéier-Austausch

Et solle jeeweils 1.200 Prisonéier op béide Säiten ausgetosch ginn, huet et no e Gespréicher zu Istanbul geheescht. Och schwéier Blesséierter sollen ausgetosch ginn. Déi drëtt Ronn vun direkte Gespréicher tëschent Russland an der Ukrain huet manner wéi eng Stonn laang gedauert.

reading time

1 min

Taksim Plaz zu Istanbul | © picture alliance/dpa | Mirjam Schmitt
Taksim Plaz zu Istanbul (Foto: picture alliance/dpa | Mirjam Schmitt)

Béid Länner hate scho virun de Gespréicher gesot, et dierft ee sech net ze vill erwaarden. De Wolodymyr Selenskyj sot, beim Theema Wafferou kéint ee nëmme virukommen, wann de russesche President Wladimir Putin sech zu engem Treffe mam ukrainesche President bereet erkläert.

Protester wéinst Anti-Korruptiouns-Autoritéiten

An der Ukrain gouf et weider gréisser Protester géint en neit Gesetz, dat Kritiker no d'Onofhängegkeet vun den Anti-Korruptiouns-Autoritéite limitéiert. De President Wolodymyr Selenskyj, deen dat ëmstriddent Gesetz virgëschter ënnerschriwwen hat, huet elo eng Kéier geholl. Hien huet en neit Gesetz annoncéiert, ouni awer weider Detailer dozou ze ginn.