arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russesch Dronenattacken op ukrainesch Stied gi virun

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Russesch Dronenattacken op ukrainesch Stied gi virun

Russland huet gëschter um Freidegowend an hënt nees e puer ukrainesch Stied mat Dronen ugegraff. An der ukrainescher Hafestad Odessa mellen d‘Autoritéiten op d‘mannst een Doudesaffer an e puer Blesséierter. Aus der Stad Pawlohrad am Südoste goufen Explosioune gemellt.

reading time

1 min

© picture alliance / Photoshot | -
(Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Gëschter um Freideg waren déi 27 EU-Länner sech no wochelaangem Blockage iwwer den 18. Pak vu Sanktioune géint Russland eens ginn. 

D’Mesurë sollen ënner anerem dofir suergen, datt Russland manner Suen duerch den Export vu Pëtrol verdéngt. Zil ass et och auszeschléissen, datt d’Pipeline Nord Stream 1 an 2 nees kéinten a Betrib geholl ginn.