Dëst huet d'FLF gëschter um Mëttwoch am Virfeld vum éischte WM-Qualifikatiounsmatch géint Nordirland matgedeelt.
Mat Bléck op d'Géigner vun de Roude Léiwen an der WM-Qualifikatioun huet de Jeff Strasser sech dann zeréckhalend gewisen, wat d'Objektiver fir d'Campagne ugeet. Et misst een d'Matcher een nom aneren huelen a kucken, wéi vill Punkten um Enn dobäi géifen eraussprangen, esou deen neien Nationaltrainer.
"Vu Match zu Match kucken"
Eng Aschätzung, déi de Kapitän Laurent Jans och en vue vum Géigner haut den Owend deelt.
"An der Nations League hu mir gesinn, Nordirland war fir mech mat Ofstand déi bescht Ekipp an eisem Grupp. Déi Intensitéit, déi si op den Terrain bruecht hunn. Et seet een ëmmer, et muss ee prett si vun där éischter Minutt un, mee gleeft mir, géint deen do Géigner muss een et wierklech sinn, soss ass et ganz schnell eriwwer."
Dowéinst wier et immens schwéier elo iwwer konkreet Ziler ze schwätzen, esou de Kapitän vun de Roude Léiwen. De ganze Grupp - zu deem och nach d'Slowakei an Däitschland gehéieren - wier schwéier.
"A mir mussen als Ekipp einfach prett sinn an do wierklech vum Match zu Match kucken an dann dat bescht méiglech draus maachen."
Ugepaff gëtt de Match géint Nordirland hei heem am Stade de Luxembourg den Owend um 20:45 Auer.