arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rout Léiwen ënner dem Jeff Strasser: Evolutioun amplaz Revolutioun

Fussball

|
headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Rout Léiwen ënner dem Jeff Strasser: Evolutioun amplaz Revolutioun

D’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp wäert ënner dem Jeff Strasser keng Revolutioun erliewen. Den neien Nationaltrainer wëllt op der Aarbecht vu sengem Virgänger Luc Holtz opbauen an d’Entwécklung vun de Roude Léiwe weiderdreiwen.

headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow
De Jeff Strasser bei senger éischter Pressekonferenz als Nationaltrainer. | © Livestream FLF
De Jeff Strasser bei senger éischter Pressekonferenz als Nationaltrainer. (Foto: Livestream FLF)

Um Mëttwochmoie gouf um Siège vun der FLF zu Monnerech och den neien Trainerstaff presentéiert. Den Dan Huet gëtt neie Co-Trainer. De Mario Mutsch, deen déi Roll bis ewell un der Säit vum Luc Holtz bekleet huet, gëtt Trainer vun der U-21 vun de Roude Léiwen.

De Jeff Strasser, freet sech op déi nei Erausfuerderung als Nationaltrainer. 98 mol huet hie fir d’Roud Léiwe gespillt an d’Equipe als Kapitän op den Terrain gefouert. Et wier eng grouss Erausfuerderung där hie sech mat groussem Engagement a vill Freed unhuele wéilt.

Gerson Rodrigues bis op Weideres keng Optioun

Als Veräinstrainer huet de Jeff Strasser ënner anerem d’Fola Esch, de Progrès vun Nidderkuer an den FC Kaiserslautern trainéiert.

Wat de Gerson Rodrigues ugeet, dem seng Nominéierung no senger Verurteelung wéinst haislecher Gewalt zu enger breeder Debatt a Kritik um Ex-Nationaltrainer Luc Holtz gefouert huet, gëtt den neien Nationaltrainer däitlech: Hie géif bis op Weideres keng Optioun duerstellen. Dat eleng scho wéinst der Decisioun vum FLF-Verwaltungsrot, datt de Rekordbuteur vun de Roude Léiwen net méi selektionéiert dierft ginn.

Bei anere Spiller, déi beim Luc Holtz op d’Ofstellgleis gerutscht waren, wéi beispillsweis dem Olivier Thill, hält de Jeff Strasser sech all Optioun op.

"Et ass ëmmer d'Qualitéit vum Spiller, déi et dem Trainer méi einfach mécht a manner einfach mécht a seng Performancen am Veräin, fir dass ee kuckt, wat sinn zu deem Zäitpunkt déi 23 bescht Leit."

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Supporter kënne sech op offensiv Spillweis astellen

Dobäi wéilt hien am léifsten och op den Anthony Moris kënnen zielen. De Golkipper vun de Roude Léiwen hat viru kuerzem matgedeelt, datt hie géif iwwerleeën, seng Karriär bei de Roude Léiwen net weiderzeféieren.

Wat d’ Spillphilosophie vum neien Nationaltrainer ugeet kënne sech d’Supporter op eng offensiv Spillweis astellen, wéi de Jeff Strasser verréit.

"D' Spilliddi ass natierlech ëmmer méi baséiert drop wéi kënne mer kreativ sinn, wéi kënne mer Goalchancen erausspillen."

Natierlech misst een do awer eng gutt Balance fannen, dat och ofhängeg vum Géigner, esou nach de Jeff Strasser.

Et wëllt een also net déi aktuell Philosophie, déi säi Virgänger Luc Holtz implementéiert huet, iwwer Bord geheien, mee éischter kontinuéierlech bestoend Prozesser weider entwéckelen an esou d’Performancë vun de Roude Léiwe verbesseren.

Intensiv Woche sti bevir

An enger Woch muss de Jeff Strasser säi Kader fir déi zwee WM-Qualifikatiounsmätcher géint Nordirland an d’Slowakei presentéieren. 

Bis nächsten Donneschdeg waart op de Jeff Strasser awer nach eng ganz Partie Aarbecht.

"Insbesondere preparativ Aarbechten, Analysaarbechten, awer och haaptsächlech Kontaktaarbecht mat de Spiller. Dat ass gëschter schonn deelweis geschitt, wou eng Kommunikatioun mam Laurent Jans als Kapitän stattfonnt huet, deen och dann u seng Ekipp weider Messagë wäert vermëttelen. An duerno bleift den Trainerjob den Trainerjob."

play_arrow De Jeff Strasser

play_arrow Lauschteren