arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ronn 26.000 Leit schaffen am Bankesecteur zu Lëtzebuerg

Liicht Hausse

|
headphones

1 min

Ronn 26.000 Leit schaffen am Bankesecteur zu Lëtzebuerg

Op den 30. Juni hu bal 26.400 Leit am Bankesecteur hei am Land geschafft. Dat deelt d’Zentralbank an engem Schreiwes mat. Dëst ass eng liicht Hausse par rapport zum leschten Trimester.

headphones

1 min

Genau 26.394 Beschäftegt huet d'Zentralbank am Juni hei am Land am Bankesecteur gezielt. Dat sinn der 243 méi wéi am viregten Trimester. Op ee Joer gekuckt schaffen dogéint 16 Leit manner an dësem Secteur, wéi Enn Juni zejoert.