Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Romain Wolff confirméiert: Pascal Riquier huet aus der Staasbeamtegewerkschaft demissionéiert

No Entrevue mam Exekutivcomité

Romain Wolff confirméiert: Pascal Riquier huet aus der Staasbeamtegewerkschaft demissionéiert

De Pascal Ricquier ass net méi Member vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP. Dat confirméiert de President vun der Gewerkschaft Romain Wolff eis op Nofro hinn.

auto_stories

1 min

Pascal Ricquier | © Chris Zeien
Pascal Ricquier (Foto: Chris Zeien)

De Pascal Ricquier, fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL, huet no enger Entrevue um Donneschdeg, mam Comité exécutif aus der Staatsbeamtegewerkschaft, demissionéiert. Hie war an dee Comité exécutif geruff ginn. Hie sollt do erklären, ob hien der CGFP mat senger Kandidatur op der OGBL-Lëscht fir d’Wale vun der Chambre des Fonctionnaires publics soll geschuet hunn oder net.

100,7-Informatiounen no hätt de Pascal Ricquier och aus der Policegewerkschaft SNPGL demissionéiert. Eng offiziell Confirmatioun dofir läit awer nach net vir. Méindeg ass do Generealversammlung.