De Romain Wolff ka virun der drëtter Sozialronn net soen, ob sech d’Diskussiounen tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat an d’Längt zéie wäerten, oder net.
Cotisatiounserhéijung vun 0,5 Prozent ass "akzeptabel"
Wann d’Regierung nei Saachen op den Dësch leeë géing, kéint et nach méi laang daueren, esou de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft am 100,7-Interview. Wa se d’Reunioun esou fortsetzt, wéi se se virun der Summerpaus opgehalen hat, da kéint et séier gedoe sinn. Ob et also zu engem Accord kënnt, ass eng aner Fro.
Am Virfeld vun der drëtter Sozialronn haut um Mëttwoch hunn d’Vertrieder:inne vun de Gewerkschaften och nei Berechnunge kritt wat d’Pensiounsreform ugeet. Déi hätte seng Iwwerleeungen awer net beaflosst, esou de Romain Wolff.
D’CGFP wier dann och mat enger méiglecher Cotisatiounserhéijung vun 0,5 Prozent – wéi se eventuell jo am Raum steet – averstan.
"Wann dat um Dësch läit, da ginn ech dovunner aus, datt et akzeptabel wier."
Eng hausgemaachte Kris vun der Regierung
Et konnt ee sech am Virfeld vun den Diskussiounen och denken, datt eng méiglech Verlängerung vun der Cotisatiounszäit op den Dësch komme kéint. Eng Annonce, déi de Premier och an der Ried zur Lag vun der Natioun gemaach huet, an déi ënner anerem d’CGFP deemools kal erwëscht huet.
De Romain Wolff gëtt dann och net midd ze betounen, datt dës Sozialronn fir hien näischt aneschters wéi eng Tripartite ass. Et géing sech elo weisen, a wéi wäit de richtege Sozialdialog zu Lëtzebuerg nach seng Gültegkeet huet, esou de CGFP-President.
D’Tripartite gëtt allgemeng jo als Kriseninstrument bezeechent. Befanne mir eis dann aktuell an enger Kris? Dem Romain Wolff no jo, awer et wier eng Kris, déi vun der Regierung hausgemaach wier. Ënner anerem déi grouss Manifestatioun am Mee hätt net stattfonnt, wann d’Regierung sech aneschters verhalen hätt, mengt de Romain Wolff.
Kritik um Ëmgang mat de Wieler:innen
De Berechnunge vun der IGSS no kéint ee mat den aktuelle Proposen eng liicht Ofsécherung fir déi nächst Joer erbäiféieren, mee eng laangfristeg Léisung gesäit aneschters aus.
Hei stéisst sech de Romain Wolff un der Approche vun der aktueller Regierung: Natierlech kéint een all 5 Joer nei iwwer de Sujet diskutéieren, mee et wier net ok, de Wieler:innen am Virfeld vun de Walen net matzedeelen, wat ee wëlles huet. Dat hätt dës Regierung net gemaach, kritiséiert de Romain Wolff.
Hien ass sech sécher: D’Pensioune wäerten egal wéi bei den nächste Walen d’Top-Theema ginn.
Schlussendlech huet de President vun der CGFP kloer gemaach, datt een e méiglechen Accord och ënnerschriwwen a formaliséiert gëtt – vun alle Säiten.