Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
search

/ Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass eng Passioun

Sot emol

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass eng Passioun

2025 ass ee Joer wou nees ganz vill un d’Enn vum Zweete Weltkrich geduecht gëtt. International ënner anerem mat de Libratioune vun etleche Konzentratiounslagere vun Nazi-Däitschland, mat ganz bestëmmt där ganz emotionaler Gedenkfeier am Kader vun 80 Joer zënter der Liberatioun vum KZ Auschwitz am Januar dëst Joer. 

auto_stories

4 min

headphones

58 min

© Chris Zeien play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Mee och zu Lëtzebuerg gëtt un Enn vum Zweete Krich geduecht, besonnesch och un d'Enn vun der Ardennenoffensiv. Well u sech kann ee soen, datt Lëtzebuerg zweemol befreit ginn ass: Am September 1944, mee och nach emol ugangs 1945, well wien hätt scho geduecht, datt d’Nazien nach emol erëm kéimen.

Een Expert vun der Ardennenoffensiv

D’Ardennenoffensiv, déi och nach Rundstedt-Offensiv, respektiv Herbstnebel genannt gouf, oder am Englesche schwätz ee vun der “Battle of the Bulge”, ass wuel mat dat schroost, dat Lëtzebuerg erlieft huet. D’Lëtzebuerger Krichsgeschicht ze retracéieren, ze dokumentéieren, an drun ze erënneren, datt ass zu engem groussen Deel d’Missioun vum Dikrecher Militärmusée. A wann een den Numm Roland Gaul nennt, da si mir ganz séier och bei deem Militärmusée zu Dikrech, well hien ee vun deene war, deen aus enger Iddi, aus enger historescher Passioun eraus, mat gehollef huet, datt de Militärmusée eng Realitéit ginn ass.

De fréieren Direkter vun deem Militärmusée de Roland Gaul ass a war dëst Joer schonn zolidd sollicitéiert, well hien ass och Curateur vun Ausstellungen, Auteur, Beroder an och Coordinateur vum Gedenkfeieren. An eben och, well hien aus der Géigend gebierteg ass, ass hien een absolutten Expert vun der Ardennenoffensiv an och iwwer Militärgeschicht vum Zweete Weltkrich.

Schonn als klenge Bouf gesammelt

Als Dikrecher Jong war de Roland Gaul scho ganz fréi an den Éisleker Bëscher ënnerwee fir ze kucken, wat esou doruechter läit. An hie seet selwer, datt hie mat ongeféier 5 Joer säin éischten däitschen Helm fonnt huet.

De Roland Gaul erzielt, datt si als Kanner ëmmer am Bamerdall, ee Faubourg vun Dikrech, an de Bëscher Buerge gebaut hunn oder “Cowboy an Indianer" gespillt hunn, an do waren dann iwwerall déi Tranchéeën.

“A wann een dann dohinner kucke gaangen ass, jidderee koum dann Heem vun eis Bamerdaller-Jongen. Deen een hat een däitschen Helm, deen aneren hat een amerikaneschen Helm oder een hat eng Bajonett fonnt, an esou virun. Doheem ass dat dann awer meeschtens beschlagnaamt gi vun den Elteren oder de Grousselteren. Mee ech hunn da Froe gestallt: Wat ass dat? Wou kënnt een dorunner? Firwat war dat? An ech krut ëmmer Äntwerten.”

An zwar hunn d’Elteren an d’Grousselteren dem jonke Roland Gaul explizéiert, wou dat alles hier kënnt, a si soten:

“Mir ware besat vun den Däitschen a mir si befreit gi vun den Amerikaner. An do ass gekämpft ginn. Do huet een op deen anere geschoss. Do sinn der onheemlech vill Leit ëmkomm. An dat Material, dat s du elo fonnt hues, dat hunn d’Zaldoten zeréckgelooss oder verluer. An déi Zaldoten, déi dat bei sech haten, entweder si si ëmkomm, si sinn erschoss ginn, oder si hunn et verluer.”

Et war eng grouss Faszinatioun

Déi ganz Geschicht, wat am Zweete Krich alles geschitt ass, huet beim Roland Gaul eng gewësse Faszinatioun ausgeléist, wourauser spéider dunn eng gelleg Passioun ginn ass. An hien hat och schonn als Bouf doheem heemlech eng kleng Sammlung.

“Ech war awer net eleng. Déi aner Bouwen aus der Primärschoul, déi hunn och scho gesammelt. Jiddereen hat esou eng kleng Sammlung doheem. Ech war bestëmmt keng Exceptioun. An dann ass domadder gekoppelt ginn. Am éischte Schouljoer, am zweete Schouljoer. Deen een hat emol dëst, deen aneren dat, eng Gamelle, eng Feldfläsch. Awer et ass net dobäi bliwwen: Alles, wat no Waffen ausgesinn huet, dat hat fir eis Bouwe scho bal eng magesch Unzéiung.”

Un d’Gefor huet kee vun de Bouwe geduecht

Dann hat deen ee Maschinnegewierspatrounen, deen aneren hat esouguer eng Kéier eng Handgranat. An dat hu si deels esou am Schoulsak mat an d’Schoul geholl. Do sinn och déi méi geféierlech Objete getosch ginn.

“Dat ass awer eng Kéier opgeflu gewiescht. Ech mengen, dat muss am fënnefte Schouljoer gewiescht sinn, wou de Schoulmeeschter eis erwëscht hat. De Schoulmeeschter war een Zwangsrekrutéierten, deen huet déi Saache kannt, deen huet d’Police geruff. D’Police ass an d’Schoul komm. Do krute mir der emol e puer an d’Akaul: "Jongen, maacht emol de Schoulsak op". An do ass da lauter esou Geschier zum Virschäi komm.”

D’Bouwen hunn dono musse schwieren, dat ni méi unzepaken, mee grad dat huet den Intressi bei de Bouwen nach vill méi gelackelt. An et ass méi a méi gesammelt an esou ass da lues awer sécher an Direktioun vum spéidere Militärmusée gaangen.

 

 

 

 

 

 

Lauschterenplay_arrow