De Grond fir de Parteiaustrëtt wier, datt den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser rezent op en Neits a Russland gereest ass a sech do mat Vertrieder vun der russescher Oligarchie getraff hätt. A sengem Zitat "Geschwafel" géif de Fernand Kartheiser den Europäer "Krichsdreiwerei" virgeheien. Hie géif domat de "vëlkerrechtswiddrege russeschen Iwwerfall op d‘Ukrain“ relativéieren a quasi der EU respektiv der NATO d‘Schold dofir ginn, esou nach de Robert Mehlen.
Hie kritiséiert och d‘ADR, déi sech hannert hiren Europadeputéierten a seng Putin-frëndlech Politik stellt. Dat wier mat senger Opfaassung vu Rechtsstaatlechkeet, Fräiheet an Demokratie net iwwerteneen ze bréngen, esou nach de Robert Mehlen.
De Robert Mehlen war 20 Joer laang President vun der ADR.