Wann a Groussbritannien d‘Nationalfändelen erausgehaange ginn, dann ass dat meeschtens just fir Sportsevenement a kinneklech Festlechkeeten. Mee elo sinn se quasi iwwernuecht op Haiser, Stroosseluuchten an Autobunnsbrécken opgedaucht.
Et goufe souguer Kräizer mat rouder Faarf op Foussgängersträifen a Rond-pointen gemoolt, fir den englesche Fändel, duerzestellen.
Dëst ass d‘„Operation Raise the Colours“ also d‘Mission „Faarwe Weisen“, déi vu Memberen aus rietsradikale Parteien an d‘Liewe geruff gouf.
Sëlleg rassistesch Virfäll
Den Trend hat sech séier an der allgemenger Populatioun verbreet. D‘Aktioun wier fir Patriotismus ze weisen, soen d‘Organisateuren.
Gläichzäiteg goufen et awer och sëlleg Meldunge vu rassistesche Virfäll – zu Basildon zum Beispill gouf en englesche Fändel op eng Moschee gemoolt.
ONGen, déi sech géint Rassismus asetzen, soen datt des Aktioun politesch motivéiert wier an datt et drëm goe géif, Minoritéiten anzeschüchteren.
Fir d‘Regierung, déi wéinst hirer Asylpolitik staark kritiséiert gëtt, ass d‘Debatt ëm d‘Fändelen e Minnefeld. Aus Angscht, onpatriotesch ze wierken, hu Labour-Politiker:innen erzielt, wei vill Fändelen si selwer bei sech doheem hänken hätten.
Patriotesch oder rassistesch?
An engem Interview mat der BBC huet de Premier Keir Starmer sech ganz virsiichteg ausgedréckt.
“Ech sinn e grousse Supporter vu Fändelen, ech fannen datt se patriotesch sinn an e flott Symbol fir eis Natioun sinn” esou de Premier, deen awer och gesot huet, datt déi, déi probéieren d‘Populatioun ze splécken, de Fändel devaluéiere géifen.”
Den Nigel Farage, Leader vun der rietspopulistescher Partei Reform UK, sot Labour géifen den engleschen Nationalfändel passionéiert haassen.
Gläichzäiteg bekloe Labour-Parteimemberen, datt de Keir Starmer déi rietsradikal Origine vum Fändel-Trend net méi staark verurteelt huet.