arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rietspopulistesch ANO gewënnt Parlamentswalen

Tschechien

|
headphones

1 min

Rietspopulistesch ANO gewënnt Parlamentswalen

De Chef vun der rietspopulistescher ANO-Partei Andrej Babis ass géint de Green Deal, géint e Migratiounspakt a géint Waffeliwwerungen an d’Ukrain. No senger Walvictoire wëllt den 71 Joer ale fréiere Premier eleng regéieren, ma dofir brauch hie Partner, déi hien toleréieren.

headphones

1 min

De Rietspopulist a Milliardär Andrej Babis | ©  EPA/MARTIN DIVISEK
De Rietspopulist a Milliardär Andrej Babis (Foto: EPA/MARTIN DIVISEK)

De Rietspopulist a Milliardär Andrej Babis hätt gär eleng eng Minoritéitsregierung ënnert senger Féierung. Et géif ee sech ëm eng “eefaarweg Regierung beméien”, esou den Andrej Babis um Walowend zu Prag. Dofir wëllt hie mat zwou Klengparteie verhandelen.

Consultatioune beim President

D‘Oppositiounspartei (ANO) vu bis elo koum op am ganze 34,6 Prozent vun alle Stëmmen, wat ee plus vu bal 7,5 Prozentpunkten am Verglach zu 2021 ass.

D‘Regierungskoalitioun vu bis elo koum op nëmmen 23 Prozent. Fir haut, um Sonndeg, huet den tschechesche President Petr Pavel den Optakt vun de Konsultatioune mat alle Parteicheffen iwwert eng Regierungsformatioun ugekënnegt.