arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rietskonservativen Trump-Supporter Charlie Kirk gouf erschoss

Täter gëtt nach gesicht

|
headphones

2 min

Rietskonservativen Trump-Supporter Charlie Kirk gouf erschoss

Ee vun den aflossräichsten Trump-Supporter ass dout: De rietskonservative Podcaster Charlie Kirk gouf hënt eiser Zäit erschoss. Dat wärend enger Ried, déi hien um Campus vun der Utah Valley Universitéit gehalen huet.

headphones

2 min

Den Charlie Kirk bei enge vu senge sëllege Rieden. | © EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH
Den Charlie Kirk bei enge vu senge sëllege Rieden. (Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)

Nom déidleche Schoss ob de rietskonservativen Trump Supporter a Podcaster Charlie Kirk sinn d'Hannergrënn nach onkloer. D'Autoritéite vun Utah gi vun enger gezielter Dot aus. Den 31 Järegen war gëschter bei enger Ried um Uni Campus vun der Utah Valley Plattform vun enger Kugel getraff ginn a war spéider a gestuerwen.D'Sich nom Täter leeft ob Héichtouren. 

Täter soll vun engem Daach aus geschoss hunn

Op enger Pressekonferenz no der Dot war Rieds, datt den Täter ob engem Daach stoung a vun do soll geschoss hunn. D'New York Times huet Opname vum Evenement um Campus analyséiert, do wier den Angaben no ze gesinn dat eng Persoun um Daach loung, déi nom Schoss dann opgestanen a fort gaange wier. Zwee Verdächteger ware festgeholl ginn, des si mëttlerweil awer rëm ob fräiem Fouss.

Direkt no der Noriicht vum Charlie Kirk sengem Doud huet den  US-Präsident Donald Trump an enger Ried aus dem Oval Office säi Bäileed ausgedréckt. Hien huet d'Dot an e politescht Liicht geréckelt.

"Iwwer Joren, hunn déi vun der radikal lénker Säit, wonnerbar Amerikaner wei de Charlie mat Nazien an deene schlëmmste Massemäerder a Kriminelle verglach. Des Aart vu Rhetorik ass direkt fir den Terror de mir haut an eisem Land gesinn hu responsabel, an dat muss lo ophalen."

Op Uerder vum Trump goufen déi US-amerikanesch Fändele virum wäissen Haus a bei den US-Ambassadë queesch uechtert d'Welt ob Hallefmast gesat.

Reaktiounen aus Europa

International Politiker hunn sech am Laf vum Donneschdenmoien zum Virfall geäussert. De brittesche Premierminister Keir Starmer huet ob X matgedeelt, datt et keng Rechtfäerdegung fir sou eng Dot géing ginn. Och déi Italieenesch Ministerpresidentin Georgia Meloni schwätzt op der Plattform X vun enger déiwer Wonn fir d' Demokratie.

Bedenklech Äusserungen

Den Charlie Kirk war ee vun den aflossräichste Podcaster an Internetpersonnagen aus der rietskonservativer Zeen an Unhänger vum Donald Trump. Hien hat Millioune vu Follower ob Plattforme wei Tiktok a Youtube a war virun allem fir séin Format bekannt, wou hee Studenten ob amerikanesche Campussen debattéiert huet.

Den Charlie Kirk ass awer och fir bedenklech Meenungen an der Kritik gewiescht.  Hien huet beispillsweis d'Recht op Waffebesëtz ëmmer nees verdeedegt a gemengt, datt e puer Doudesaffer d'Joer dat Recht wäert wieren. Dobäi kommen nach eng Rei un auslännerfeindlechen, homophoben a klimawandelleugnenden Aussoen.