arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ried vum Netanjahu: Diplomate verloosse Sall aus Protest

UN-Generalversammlung

|
headphones

1 min

Ried vum Netanjahu: Diplomate verloosse Sall aus Protest

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet a senger Ried op der UN-Generaldebatt déi vun den USA ënnerstëtzen Attacken op den iraneschen Atomprogramm verdeedegt an virun enger Oprëschtung vum Iran gewarnt.

headphones

1 min

©  EPA/SARAH YENESEL
(Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Ausserdeem huet hien annoncéiert „d‘Aarbecht géint d‘Hamas“ esou séier wéi méiglech op een Enn ze bréngen, an all Accusatiounen zu engem Genozid an der Gazasträif zréckgewisen. D‘UNO géif antisemittesch Message verbreeden an d‘Unerkennung vun engem Palästinensesche Staat géif beweisen, datt „et sech lount Judden ëmzebréngen“, sou nach den Netanjahu zu New York.

Direkt um Ufank vu senger Ried hunn Dosenden Diplomaten de Sall verlooss, dat aus Protest.