Verschiddener goufe schwéier blesséiert, huet d’Police matgedeelt. Bis elo ginn et keng Informatiounen iwwer d'Ursaach vum Ongléck oder d‘Identitéit vun den Affer. Et ass dervun auszegoen, datt déi Betraffen Touriste sinn.
Den Ausseminstère deelt op Nofro hi mat, datt kee Lëtzebuerger ënnert den Affer ass. Ënnert de 4 Doudesaffer sollen zwou däitsch Fraen am Alter tëschent 20 an 30 Joer sinn, souwéi eng 23 Joer jonk Spuenierin an ee 44 järege Mann aus dem Senegal.