arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Resilienz-Direktiv net ëmgesat: Lëtzebuerg muss virun den Europäesche Geriichtshaff

EUGH

|
reading time

1 min

Resilienz-Direktiv net ëmgesat: Lëtzebuerg muss virun den Europäesche Geriichtshaff

D‘EU-Kommissioun huet e Recours géint Lëtzebuerg agereecht, well de Grand-Duché, grad ewéi aner eurpopäesch Länner, déi europäesch Resilienz-Direktiv nach ëmmer net ëmgesat huet. D'Länner hate bis Oktober 2024 Zäit, fir d'Direktiv an nationaalt Recht ëmzesetzen.

reading time

1 min

EuGH | © picture alliance / Joko | Joko
EuGH (Foto: picture alliance / Joko | Joko)

Déi Direktiv gesäit vir, datt ee Land muss verschidden essenziell Servicer kënnen assuréieren. Am Fall vun enger Kris, enger Cyber- oder enger terroristescher Attack misste beispillsweis den Energieberäich, den Transport, d'Santé, de Waasserberäich an och d'Banke resilient sinn. 

Lëtzebuerg hat schonn zwee Mol eng Warnung kritt, mee well d'Land nach ëmmer näischt ënnerholl huet, geet et elo virun den Europäesche Geriichtshaff. Do kéint de Grand-Duché finanziell Sanktioune kréien.