Fir méi Sécherheet soll eng renforcéiert Presenz vu Police a 16 Sécherheetsagente suergen.
D'Unioun vun de Stater Geschäftsleit huet dës Detailer virun der Press genannt.
Recommandéiert gëtt den ëffentlechen Transport an d’Park&Riden ze notzen, fir an d’Stad ze kommen. Ënner anerem d’Parkingen "Place de l’europe" um Kierchbierg an "Fort Wedell" op der Gare sinn e Méinde gratis.