De Gesondheetsministère géif elo op Digitaliséierung setzen an dobäi virun allem op de Projet vum Paiement immédiat direct, kuerz PID. PID heescht, datt de Patient oder d‘Patientin no enger Consultatioun just seng Participatioun bezilt. D'Medezinner:inne kréien hiren Honoraire iwwer een digitale Reseau vun der CNS iwwerwisen.
Kleng Cabineten hu manner dacks de PID
Duerch de PID géif et eng däitlech Verbesserung bei de Remboursementer ginn, seet d’Gesondheetsministesch. De Projet ass awer nach net um Zil ukoum. Am Moment maache ronn 370 Dokteren am ganze Land mat. Dat wier nach net mol d'Hallschent, seet d'Martine Deprez. E genaue Prozentsaz ze nenne wier awer schwiereg.
Haaptsächlech Dokteren a méi klenge Cabinete géifen nach net matmaachen.
“Déi net d’Moyenen hunn, fir sou séier vun haut op muer nei Kompetenzen sech unzëeegnen. An do si mir permanent am Austausch mat deenen, fir hinnen eng Hëllefsstellung ze ginn.”
Am Hierscht dëst Joer wëllt de Gesondheetsministère de Point zum Projet Paiement immédiat direct maachen.
Komplex Demandë brauchen nach méi laang
Eng aner Mesure fir géint d’Retarde vun der CNS unzegoe war et, am Mee 12 Zäitaarbechter:innen anzestellen, déi virun allem déi einfach Aarbechte sollten iwwerhuelen. Dës Mesure hätt d’Retarde bei de Remboursementer ëm 20 Prozent erofgesat, esou d'Martine Deprez. D’Ekipp global opzestocke géif der Gesondheetsministesch no am Moment kee Sënn maachen.
“Well mir an enger Ëmbrochphas sinn. Mir si jo amgaang de PID en place ze setzen. Wann dat Succès huet an nach méi iwwer de PID leeft, da brauche mir manner Leit. An da si mir amgaang, déi Prozeduren, déi momentan op der Hand gemaach ginn, och ze digitaliséieren. Dat heescht, och do spuere mir Leit.”
Am Moment ginn 20 Prozent vun den Demandë bannent enger Woch rembourséiert. Dat sinn déi einfach Remboursementer. Méi komplex Demanden dauere 5 bis 6 Wochen, woubäi do den Delai am Februar nach bei 7 bis 10 Woche louch.
Ee Fënneftel vun de Rechnungen dauert nach bis zu 12 Wochen. Dat si virun allem déi komplex Demanden, wéi zum Beispill Traitementer am Ausland.