D'Gewerkschaftsvertrieder:innen hätte schlecht ausgesinn, wat géing heeschen, datt si net gewinnt wieren, Iwwerstonnen ze maachen. De Luc Frieden huet sech de Moien dann och aus eegene Stecker bei OGBL an LCGB gemellt a sech erklärt.
Vum LCGB heescht et, d‘Saach wier aus der Welt. Et géif elo méi Wichteges ginn. Änlech Reaktioun bei der CGFP, wou et heescht, datt d‘Remark onnéideg gewiescht wier, mee et wéilt ee keng Geschicht draus maachen, an et wéilt ee sech elo op d‘Gespréicher e Méindeg konzentréieren.