arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rekter Jens Kreisel: Zuel vu Studentinnen a Studente geet erop

Uni Lëtzebuerg

|
headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Rekter Jens Kreisel: Zuel vu Studentinnen a Studente geet erop

Ronn 1.500 nei Studentinnen a Studente fänken dëst Semester op der Uni Lëtzebuerg un. Seng Uni wier dynamesch an attraktiv, esou de Rekter vun der Universitéit Jens Kreisel um Méindegmoien am 100,7-Interview.

headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Jens Kreisel, Rekter vun der Uni Lëtzebuerg | © Morgane Weidig
Jens Kreisel, Rekter vun der Uni Lëtzebuerg (Foto: Morgane Weidig)

Och op der Uni Lëtzebuerg ass haut um Méindeg d’Rentrée. Trotz enger Knappheet bei de Studentewunnenge geet d’Zuel vun de Studenten op der Uni Lëtzebuerg nach erop, esou eisen Invité vum Dag, de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg Jens Kreisel.

Den Ament wier virun allem den Interesse fir Informatik, Data Science, Kënschtlech Intelligenz an d'Gesondheetsberuffer héich. D'Wënsch vun de Studentinnen a Studente géifen och staark vun de Generatiounen ofhänken, esou de Rekter Jens Kreisel

"Und traditionell bei unserer Universität haben wir viel Interesse für BWL und zum Beispiel auch für Jura.”

Bei den Humanwëssenschafte geet d’Zuel vu Studentinnen a Studenten e wéineg erof, esou de Rekter. An den Ingenieursfächer géif et eng Stagnatioun ginn. 

Et kéint sinn, datt iwwer fënnef oder zéng Joer ee gewëssent Fach net méi esou vill nogefrot géif ginn, oder och net méi esou modern wier. Da misst een doriwwer nodenken, ob een dëst Fach op der Uni Lëtzebuerg viru féiert oder net. Dat géif, an deem Fall, d’Uni autonom decidéieren, esou de Rekter Jens Kreisel.

"Schwieregkeete bei Studentewunnengen"

D’Uni hätt eng Offer vun 1.000 Studentestudioen oder Wunnengen, erkläert de Jens Kreisel. Et kéinten der gäre méi sinn.

“Dann wären wir noch attraktiver, ja. (...) Wir sind in einer ständigen Diskussion mit den Ministerien, aber auch mit Anbietern und haben mehrere Projekte, die recht gut anlaufen, aber es dauert ja immer seine zwei, drei, vier, aber auch mal fünf Jahre, bis neue Wohnungen kommen.”

KI: "Staarken Afloss an alle Beräicher vun der Uni"

An der Fuerschung wäert déi Kënschtlech Intelligenz eng gréisser Roll bei wëssenschaftlechen Entdeckunge spillen, mee och am Unterrecht op der Uni.

“Wir haben schon unsere Prüfungsordnungen anpassen müssen und ja, wollen unsere Studierenden einfach unterstützen, noch kritischer zu denken und die Chancen zu sehen. Aber auch die Risiken zu identifizieren.”

D’Uni Lëtzebuerg wier den Instrumenter vun der KI géintiwwer oppen, et géif een näischt verbidden, esou de Rekter. An der Prüfungsordnung wier festgehale ginn, datt misst gesot ginn, ob dës Instrumenter benotzt goufen. Gläichzäiteg géife mëndlech Prüfungen erëm méi wichteg ginn.

Et géif een d’KI och als Chance gesinn.

“Also ich sehe überhaupt nicht die Universität bedroht. (...) Wir haben keine Strategie, wo wir künstliche Intelligenz verbieten, sondern eher damit offen umgehen. Sehr viele unserer Lehrenden und Professoren gehen das ganz aggressiv und aktiv an in ihren Vorlesungen und im Moment experimentieren wir auch.”

Grad wéi aner Universitéite misst een och hei am Land nach am Beräich Kënschtlech Intelligenz léieren.

De Professer Jens Kreisel ass zënter dem 1. Januar 2023 Rekter vun der Uni Lëtzebuerg.

play_arrow Lauschteren