arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekordpräisser fir legendär Gitarren: 14,5 Mio. Dollar fir Gitar vu Pink Floyd-Member

New York

|
headphones

1 min

Rekordpräisser fir legendär Gitarren: 14,5 Mio. Dollar fir Gitar vu Pink Floyd-Member

Bei enger Stee zu New York am Auktiounshaus Christie's stinn elo Rekordpräisser fir legendär Gitarren erreecht ginn. D'Vente vum David Gilmour vu Pink Floyd senger schwaarzer Fender Stratocoaster an der Héicht vu 14,5 Milliounen Dollar huet d'Rekorder gebrach.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

Nach ni goufen esou vill Sue fir eng elektresch Gitar bezuelt. 

Déi handgemaachen E-Gitar vum Jerry Garcia, dem Gitarrist vu Grateful Dead, huet fir 11,5 Milliounen Dollar de Besëtzer gewiesselt. D'Guitar vum Kurt Cobain ass awer mat 7 Milliounen Dollar ënner den Erwaardungen un d'Stee bliwwen. 

Net just Gitarren, och Dokumenter aus der Rockgeschicht goufe versteet. Beispillsweis gouf den handgeschriwwenen Text vum Lidd "The times they are changing" vum Bob Dylan fir 2,5 Milliounen Dollar verkaft.