Pizza, Schockela, Limonad a Glacen - där gesäit een elo am Dag keng méi op der Tëlee, jiddefalls net an de Reklammen. Well Publicitéit fir Iesswueren, déi en héije Fett-, Salz- an Zockergehalt hunn, dierfen elo virun 9 Auer owes net méi gewise ginn. Online dierfen se zu kenger Zäit méi virkommen.
All zéngt Kand am Alter vu 4 oder 5 Joer iwwergewiichteg
Déi brittesch Regierung Prozent vu Kanner am Alter vu 4-5 Joer iwwergewiichteg.
Fettleiwegkeet kascht dee brittesche Gesondheetssystem ronn 11 Milliarde Pond pro Joer, an dat kënne sech d‘Staatskeesen net leeschten. Mam neie Verbuet hofft sech d‘Regierung, datt 20.000 Fäll vun Iwwergewiicht bei Kanner kenne verhënnert ginn.
Chipsen a Séissegkeete ginn a Groussbritannien immens gär giess. All déi grouss Supermarchéë bidden zum Beispill déi bekannt Lunch Meal Deals un. Do kritt een dann ee Sandwich, eng Limonad an eng Tut Chips fir ronn 4 Pond.
Ultra-transforméiert Liewensmëttel komme gutt un
An der Liewenskäschte-Kris ass dat e bëllegt Mëttesiessen. Et ass deemno net iwwerraschend, datt méi wei d‘Hallschent vun der duerchschnëttlecher Ernärung vun de Britten aus ultra-transforméierte Liewensmëttel besteet.
"Eis Iesskultur ass zënter Laangem vun der Liewensmëttelindustrie gepräägt, déi eis mat ongesonde Liewensmëttel iwwerschwemmt. Milliarde ginn investéiert fir en Image fir hir Produkter ze schafen, dat den Appetit stimuléiert a schlussendlech d'Leit awer krank mécht."
Esou sot den Hugh Fearnley-Whittingstall, ee bekannte Kach, an engem Interview mat BBC Breakfast. Hie fënnt, datt de Reklammsverbuet ee wichtegen éischte Schrëtt fir eng méi gesond Gesellschaft ass.
Kritik vun der konservativer Säit
Op der konservativer Säit gëtt et allerdéngs Kritik um Verbuet. De Bewäertungssystem, op deem de Verbuet berout, wier net fair, well deen och verschidde Müslien, Porridgen a Bréidercher als ongesond astuuft.
"Mir sinn elo dat eenzegt Land op der Welt, wat Mielpudding, Croissanten a Jughurt als ze geféierlech astuuft, fir dofir Reklamm ze maachen, déi online gewise ginn oder déi Kanner kënne gesinn. Et ass skandaléis."
Esou d‘Reem Ibrahim, eng Kommentatorin um Noriichtesender GBNews. Si fënnt, datt et der Regierung net ëm ëffentlech Gesondheet geet, mee dorëm, sech an d‘Liewe vun de Leit anzemëschen.
Virun engem Supermarché am Südoste vu London waren d‘Leit awer ganz averstane mam neie Verbuet.
Entreprisen hu schonn Ëmweeër fonnt
Eng Fra, déi als Infirmiere schafft, sot si géing all Dag op hirer Aarbecht d‘Konsequenze vu schlechter Ernärung gesinn, an dofir géing si dat neit Gesetz gutt fannen. D‘Calista, eng Entrepreneurin, fënnt Decisioun virun allem fir Kanner gutt.
"Ech fannen dat fantastesch. Ech sinn absolut géint Junkfood, besonnesch fir Kanner. Ech hunn dräi Kanner an ech fannen et wierklech wichteg, datt si geschützt sinn. All déi Saache ginn hinnen andauernd opgedrängt, an dofir fannen ech dat super, wann déi Reklammen net méi um Fernsee lafen."
Esou d‘Calista. D‘Liewensmëttelindustrie hat sech allerdéngs gutt virbereet. Wéi de Verbuet virun e puer Joer ugekënnegt gouf, hunn d‘Firme staark an aner Forme vu Reklammen investéiert, wéi zum Beispill Panneauen a Pousteren.
Ultra-transforméierte Liewensmëttel gesäit een elo zwar manner um Fernsee an um Internet, mee dofir ginn et elo méi Burgeren, Limonaden a Séissegkeeten op de Panneauen dobaussen, am richtege Liewen.