arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reklamm ouni Charakter? Nei Publicitéit vu Bofferding stéisst op Kritik

Medien

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Reklamm ouni Charakter? Nei Publicitéit vu Bofferding stéisst op Kritik

Eng nei Publicitéitscampagne vun der Brasserie Nationale stéisst op Kritik. Zënter dëser Woch zirkuléieren ënner anerem op soziale Medien Annoncë vun enger neier alkoholfräier Béier-Zort vu Bofferding, mat Spréch wéi “Fir Frae mat Charakter”.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Ënner anerem d’LSAP-Politikerin Taina Bofferding huet an engem Post d’Publicitéit als sexistesch a beleidegend beschriwwen an de Centre pour l’égalité de Traitement schwätzt vu Stereotyppen, déi zu Diskriminéierunge féiere kënnen.

Och d’Commission luxembourgeoise pour l’éthique en publicité – kuerz CLEP – gesäit an dëse Visuelle problematesch Duerstellungen an eng net méi zäitgeméiss Rolleverdeelung tëschent Mann a Fra.

Eng klassesch Rolleverdeelung

Mat ronn enger hallwen Dose Visuellen huet d’Brasserie Nationale dës Woch eng Campagne lancéiert, fir en neien alkoholfräie Béier vu Bofferding ze promovéieren. Op den eenzelne Biller sinn ënner anerem Hänn mat rout gefierften Neel an Tallekeschung ze gesinn, mee och zum Beispill muskuléiert Männeräerm.

Fir d’CLEP, déi sech mat deontologesche Froe ronderëm Reklammen hei am Land beschäftegt, schafft dës Campagne ganz kloer mat Stereotyppen, esou d’Presidentin vun der Commission pour l’éthique en publicité, Isabelle Medinger.

“Mir musse feststellen, dass hei déi klassesch Rolleverdeelung, déi och an eisem Code de Deontologie ugeschwat gëtt, vläicht e bëssen ze vill klassesch ass, fir net ze soen net méi zäitgeméiss. An et muss net onbedéngt plakeg Fraekierpere gewise ginn, fir datt net eng latent a Stereotyp Rolleverdeelung an enger Publicitéit gewise gëtt. An dat ass hei kloer de Fall.”

Hirem Code de déontologie no muss Publicitéit alles evitéiere wat d’Gläichstellung vun de Geschlechter erschwéiert, andeems si virun allem d’Entwécklung vum sozialen Ëmfeld an d’Vilfalt vu béide Geschlechter berücksichtegt.

Dëst wier bei dëser Campagne kloer net de Fall, esou nach d’Isabelle Medinger. Hei géif ee falscht Fraebild vermëttelt ginn.

Keng Reaktioun vu Munhowen - Statement op Social Media

Datt op verschiddene vun de Visuellen och Männer duergestallt ginn, léisst si net als Argument gëllen, och well d’Visuelle jo eenzel geschalt ginn.

“Also all déi Biller, déi fir d'Männer benotzt ginn, si vill méi variéiert an a verschiddene gesellschaftleche Situatiounen oder och, wou se, och Rollen, déi se do iwwerhuelen, mee bei de Fraen ass et nun eemol all Kéiers déi mam rouden Neellack mat de Pëmps.”

 De Marketing-Service vu Munhowen, dee fir dës Campagne responsabel ass, war bis elo net fir eng Erklärung zu de Visuellen ze erreechen.

An enger Stellungnam op de Social-Media-Konte vu Bofferding heescht et, datt dës Campagne d’Diversitéit vu Profiller, Perséinlechkeeten, a Motivatioune virstelle géif. Et géif net den typesche Konsument ginn.

Net déi éischte Kéier

D’Isabelle Medinger vun der CLEP betount nach, datt et net déi éischte Kéier ass, datt eng Gedrénks-Mark an hire Reklamme mat Stereotyppen spillt.

“A mir mierken och, dass de Gros vun de Plainten, déi mir kréien, eigentlech haaptsächlech d'Fraerollen an eiser Gesellschaft, d'Stereotyppe bis hin zur Diskriminatioun ginn. Dat muss ee scho feststellen.”

D’Recommandatioune vun der CLEP si reng consultativ an net verflichtend. Et wéilt een awer elo d’Brasserie Nationale mat hire Bedenke kontaktéieren, esou nach d’Isabelle Medinger.

play_arrow Lauschteren