Zënter dem Akraafttriede vum ëmgeännerten Taxi-Gesetz vun 2016, gëtt et och eng national Ulafstell fir Reklamatioune vu Clienten. D‘Zuel vun de Reklamatioune géif zënterhier permanent an d'Luucht goen.
Ze vill verrechent
Déi meescht Reklamatioune goufen et zejoert wéinst dem Präis. An 70 Prozent vun de Fäll hat de Client ze vill verrechent kritt an ass no senger Reklamatiounen du rembourséiert ginn.
Ronn 60 Mol hu Cliente sech wéinst dem Behuele vum Chauffer beschwéiert.