Dës Informatioune ginn aus enger Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
Déi Persounen, déi de Regroupement familial refuséiert kritt hunn, hätten d‘Konditiounen dofir net erfëllt. Demanden aus der Gazasträif géifen - an der Reegel - méi séier traitéiert ginn. An der Moyenne dauert et 11 Deeg, woubäi aner Demandë fir d‘Famill ze regruppéieren, 38 Deeg daueren.
Zënter Oktober d‘lescht Joer hunn och 10 Persounen aus de palästinenseschen Territoiren eng Asyldemande hei am Land gestallt. Dräi waren irrecevabel, well déi Persoune schonn Asyl an engem aneren EU-Land haten. Néng Persounen aus Palestinensergebidder hunn an de leschten 8 Méint internationale Schutz hei kritt.