arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierungskris an der Belsch virleefeg detournéiert

Belsch

|
headphones

1 min

Regierungskris an der Belsch virleefeg detournéiert

An der Belsch huet d‘Regierung e weidere Sursis kritt. De Premier Bart de Wever huet senge Koalitiounspartner nach emol 50 DeegZäit ginn, fir sech eens ze gi bei de Budgetsdebatten. Si hätte bis haut um Donneschdeg sollen en Accord fanne fir e Spuerprogramm.

headphones

1 min

Palais de la Nation | © europhotos
Palais de la Nation (Foto: europhotos)

D‘Belsch ass eent vun de Länner, dat déi gréisste Schold an der Eurozon huet, nieft Griechenland, Italien a Frankräich. De flammännesche Konservative Premier Bart de Wever, deen zanter Februar um Pouvoir ass, plangt gréisser Reformen, ënner anerem vum Aarbechtsmaart, vum Chômage a vum Pensiounsregime. Mee déi 5 Parteien, déi an der Koalitioun sinn, leien net op enger Linn.