arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierung wier a Saache Sozialdialog Elefant am Parzeläinsbuttek

Sozialdialog

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Regierung wier a Saache Sozialdialog Elefant am Parzeläinsbuttek

D’CSV-DP Regierung wier wat de Sozialdialog betrëfft wéi en Elefant am Porzellainsbuttéck. Deen Androck huet de Sozialist Mars Di Bartolomeo op eis Nofro hi gedeelt. Dat nodeems de Patronatsvertrieder Michel Reckinger seng Kritik un de Sozialronne an enger Partie Interviewe verdäitlecht hat.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Chamber  | © Chambre des Députés
Chamber (Foto: Chambre des Députés)

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB hätten d’Gespréicher an de bis dato zwou Sozialronnen monopoliséiert, heescht et vum Patronatsvertrieder Michel Reckinger. Viru kuerzem hat RTL verschidden intern Diskussiounspunkten aus de Sozialronne verëffentlecht. Déi verëffentlecht Propose géifen éischter vu Gewerkschaftssäit aus kommen, esou de Michel Reckinger. Allgemeng weist sech de Patronatsvertrieder frustréiert mam Oflaf vun de Sozialronnen.

Frust vum Patronat wier CSV-DP Regierung zouzeschreiwen

Wéi och schonn déi gréng Deputéiert Sam Tanson fënnt och de Sozialist Mars Di Bartolomeo, datt de Frust vum Patronat der CSV-DP Regierung zouzeschreiwe wier. Den Deputéierte seet a sengen Aen, géif déi hefteg Reaktioun vum Patronat doduerch kommen, datt d'Regierung dem Patronat eesäiteg Versprieche gemaach huet an net dermat gerechent hätt, datt d'Gewerkschaftssäit eppes dogéint huet.

Fir d’Sam Tanson wier déi Onzefriddenheet och doduerch bedéngt, datt Regierung onpreparéiert an d'Verhandlunge gaange wier. Wei et schengt wieren an deene Verhandlungen Proposen op den Dësch geluecht ginn, déi mol nach net ausgerechent gi war, esou déi gréng Deputéiert. 

"Well eigentlech hätt een sech jo kéinten erwaarden, d'Positioune vun deenen engen an deen anere ware jo ganz kloer.”

Weider gëllt vu béiden Oppositiounsvertrieder de Virworf, datt d’Regierung der Chamber keen Abléck an d’Verhandlunge wëll erlaben. Fir d’DP-Deputéiert Corinne Cahen géif dëst awer Sënn maachen. Si kéint verstoen, datt et wichteg wier datt een den Ament keng konkreet Informatiounen un d’Ëffentlechkeet weidergëtt, ffir d'Verhandlunge weider féieren ze kënnen.

Berechnungen iwwert de Summer

Op eis Nofro hin, verweist de Staatsministère drop, datt iwwert de Summer eng Partie Berechnunge gemaache solle ginn. D’Virschléi vu bis elo wieren awer nach net schrëftlech formuléiert an un d’Sozialpartner geschéckt ginn, esou de Luc Frieden.

play_arrow Lauschteren