Et hätt ee Kompromësser gemaach an an enger Rei vu Punkten hätt een noginn, sot de Premier Luc Frieden. Hien ass trotzdeem der Meenung, datt een a ville Punkte viru komm wier.
"E grousse Fortschrëtt haut, konstruktiv Gespréicher. Jo, mir hu kee gemeinsamen Accord op all deene Punkte fonnt, mee mir hate gutt Gespréicher an d'Regierung iwwerhëlt hir Verantwortung a geet elo an déi nächst Phas vun deenen Diskussiounen a mécht déi mat der Chamber."
Konkreet ass et esou, datt um Kollektivvertragswiesen näischt wäert geännert ginn. Iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun soll am Comité Permanent du Travail et de l'Emploi (CPTE) weiderverhandelt ginn.
Wat d'Sonndesaarbechtszäit ugeet, sou kann eng Hausse vu véier op aacht Stonne bei Betriber mat méi wéi drësseg Leit nëmmen iwwert e Kollektivvertrag gereegelt ginn. Bei méi klenge Betriber ass dat och ouni Kollektivvertrag méiglech.
Am Commerce mussen Ëffnungszäiten no néng Auer iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn.
Cotisatioune solle vu 24 op 25,5 Prozent klammen
Wat d’Pensiounen ugeet, soll de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer bestoe bleiwen, genee wéi d'Preretraite mat 57 Joer. Allerdéngs ginn et Changementer fir déi, déi d'Fréirent mat 60 Joer wëllen huelen, wéi d'Sozialministesch Martine Deprez erkläert.
"Mir wäerte bei 60 Joer dann ab 2026 ee Mount bäisetzen, 2027 e weidere Mount, 2028 zwee Méint, 2029 zwee Méint, an 2030 nach eng Kéier zwee Méint. Dat heescht en résumé, een deen elo scho weess, datt en am Joer 2030 kann a Pensioun goen, dee sech dat schonn ausgerechent hätt, dee muss domadder rechnen, datt e bei deene Konditiounen, déi haut bestinn, aacht Méint muss derbäi setzen."
Parallel klammen d'Cotisatiounen ëm jeeweils 0,5 Prozentpunkten. Den Ajustement bleift bestoen, mat dëse Mesurë kéim een eventuellen Defizit vun der Pensiounskeess ëm véier Joer no hanne geréckelt ginn. 2030 soll de System dann op en Neits iwwerpréift ginn, huet de Premier Luc Frieden ugekënnegt.
Enttäuschung bei Gewerkschaften a Patronat
D’Sozialpartner hu sech no der drëtter Verhandlungsronn am Staatsministère enttäuscht gewisen.
Et géif si stéieren, datt et elo zu “massive Verschlechterunge” wäert kommen, huet d’OGBL-Presidentin Nora Back bedauert. Si huet vun engem “Echec vun de Verhandlunge” geschwat. Um Enn stéing een ouni Accord do.
"Déi Verhandlunge si gescheitert. An dat Blöödst bei der Saach ass, si sinn net onbedéngt um Contenu gescheitert, well mir si hunn nach net um Enn ukomm gewiescht vun allen Diskussiounen. Mee si sinn un der Form gescheitert, well mer haut hei sti mat enger Decisioun vun der Regierung an net kënne soen, mir hunn zu dräi Acteuren, d'Sozialpartner mat der Regierung en Accord ënnerschriwwen."
Dëst wier sécherlech net den Optrag gewiescht, deen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB vun de 25.000 Leit bei der Manifestatioun kritt hätten, esou d’Nora Back.
De President vum Patronatsdaachverband UEL, de Michel Reckinger huet beim Thema Pensioune widderholl, datt elo an den nächste Joren déi politesch Parteien d’Responsabilitéit hätten. Wat elo festgehale gi wier, wier eng “Iwwergangsléisung”. Ideal wier senger Meenung no, datt dëst net zu engem Walkampfsujet géif ginn.
“Mee datt mer et fäerdeg géife kréien an deenen nächsten dräi Joer, virun deenen nächste Walen, ee Konsens ze kréien.”
Esou de Wonsch vum President vum Patronatsdaachverband UEL Michel Reckinger.