Dofir soll de Staat mat Steiergelder d’Inflatioun bremsen an d’Kafkraaft verbesseren.
De Luc Frieden an d’Sozialpartner hunn d’Mesuren op der Pressekonferenz net am Detail presentéiert.
Bis Summer 2027 200 Euro méi fir Mindestlounempfänger
Gutt informéiert Source confirméieren e prinzipiellen Accord fir e Gesamtpak vun ongeféier 450 Milliounen Euro iwwer zwee Joer:
Hausse vum Steierkredit fir Leit, déi de Mindestloun kréien
o 1.1.2027: Vun elo 81 Euro de Mount op 179 Euro de Mount
o 1.7.2027: Op 200 Euro de Mount
Dee Steierkredit (CISSM) soll bei neien Indextranchen no uewen ugepasst gi fir datt de Mindestloun steierfräi bleift
Steierkredit "Conjoncture" fir de Steierzueler déi Steieren zréckzebezuelen, déi se wéinst der leschter Indextranche méi bezuele mussen
Staatlech Subventioune fir d’Energiepräisser (Stroum, Gas, Mazout, Diesel a Bensinn). Beim Stroum wäert de Präis iwwert de Méchanisme de compensation reduzéiert ginn. Beim Diesel a Bensinn sollen et just e puer Cent de Liter si fir d’Klimaziler an d’Versuergungssécherheet net a Fro ze stellen.
Zousätzlech staatlech Subside bei Investissementer fir d’Energietransitioun (Klimabonus Wunnen)
De Kompromëss iwwert de Mindestloun ass haut méiglech ginn, nodeems d'Regierung hir initial Propose vu gëscht vun 129 Euro de Mount op bis zu 200 Euro de Mount verbessert huet.
Inflatioun bremsen, Kafkraaft verbesseren
Et wéilt ee mam Moossnamepak d’Inflatioun bremsen an d’Kafkraaft erhalen, esou den CSV-Premier Luc Frieden. Et misst een dofir och d’Betriber an déi schaffend Leit schützen. Den drëtte Volet wier et d’Entwécklung vun den erneierbaren Energië virunzedreiwen, well een alt nees gesinn hätt, wéi ofhängeg ee vu fossille Brennstoffer wier.
"Sozialdialog fonctionéiert"
Datt een en Accord fonnt hätt, géif och weisen, datt de Sozialdialog zu Lëtzebuerg fonctionéiere géif, an et zu schwierege Situatioune géif komme sot de Premier nach.
De Suivi vun de Moossname vun der Tripartite géif een och gemeinsam maachen an och kucke wéi een déi ëmsetze kéint. Et misst een iwwer déi nächst Méint zesummen d’Situatioun am A ze behalen, well een net wéisst wéi laang de Krich am Noen Osten nach géif unhalen.
D'Gewerkschafte sinn zefridden
D’OGBL-Presidentin Nora Back schwätzt hirersäits vun engem groussen Duerchbroch. Et wier virun allem een Accord fir déi Leit déi d’Gewerkschafte géife vertrieden. Ergo déi schaffend Leit a Famillen. Am Accord wier näischt dran, wat net gutt fir déi Leit wier.
Och d’Nora Back huet betount, wéi wichteg et wier, datt een de Sozialdialog nees "op d’Schinne bruecht hätt." Dat ënnersträicht och den LCGB-President Patrick Dury.
Am grousse Ganze wier een zefridden. Iwwer de Logement wéilt een dann an Zukunft mat der Regierung schwätzen. Ganz wäit ausernee wieren der Regierung hir Ambitiounen an d'Virstellunge vun de Gewerkschaften awer net, esou nach d’OGBL-Presidentin.
Patronat ass zefridden, mee warnt och gläichzäiteg
D’Situatioun wier eng ganz aner wéi nach virun engem Joer, huet och den UEL-President Michel Reckinger betount. Den Toun an de Verhandlungen hätt sech zum positive gedréint, esou de President vum Patronatsverband.
Och wann de Michel Reckinger den Accord begréisst, weist hien awer dorop hin, datt domat d’Kris net eriwwer wier. Fir hie wier wichteg, datt een duerch Inflatiounsbremsen, d’Indextranchen esou wäit wéi méiglech kéint no hanne réckelen.