arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Refus fir iwwerhaapt eng Demande ze maachen

ASBL Passerell

|
headphones

1 min

Refus fir iwwerhaapt eng Demande ze maachen

D‘ASBL déi sech fir d‘Rechter vun Asyldemandeuren asetz schreift an engem Communiqué, datt zënter Juni dëst Joer 21 Leit refuséiert kritt hätten, iwwerhaapt eng Demande ze deposéieren. Dorënner wieren och zwee Mannerjäreger a véier Famillje mat Kanner, esou d'Passerell an hirem Schreiwes.

headphones

1 min

Dat wiere just déi 21 Fäll, déi sech u Passerell geriicht hätten. Wéi vill Refuse vun Demanden et tatsächlech gouf, wier dowéinst net gewosst. D'ASBL Passerell weist drop hin, datt déi Mënschen e Recht drop hunn eng Demande op Schutz ze deposéieren an eng Äntwert op hir Ufro ze kréien. En Attente vun enger Äntwert, missten déi Leit och een Daach iwwert dem Kapp garantéiert kréien.