Déi eng maache sech Suergen zum Beispill ëm d'Méisproochegkeet, fir déi aner ass et ee wichtege Schrëtt fir d'Chancëgläichheet an der Schoul. An den 3. Dezember gouf de Projet de Loi dann ugeholl.
D'Alphabetiséierung ass eng vun de groussen Ännerunge fir déi nächste Rentrée. Woubäi dat lo alles nach net esou séier geet.
2027 gëtt et deen éischte Joergang mam neien Alphabetiséierungssystem
Am September, fänken d'Enseignante vum zweete Joer Spillschoul domat un, Gespréicher mat den Elteren ze féieren. Esou soll festgestallt ginn, a wéi enger Sprooch hiert Kand liesen a schreiwe soll léieren. Déi final Decisioun läit bei den Elteren, d'Léierpersonal maache just Recommandatiounen.
No Ouschteren d'nächst Joer gëtt déi Decisioun dann offiziell festgehalen, esou datt d'Kanner vun deem Moment un op dat éischt Schouljoer preparéiert ginn.
Just fir d’Primärschoulen
De Claude Meisch hat Enn November awer och ee Pilotprojet annoncéiert, bei deem d'Schüler:innen aus dem secondaire classique op 4e wiele kënnen, ob si d'Niewefächer op Franséisch oder op Däitsch maache wëllen. Ouni do awer konkret ze soen, wéini dat lassgoe soll.
Schoulflichtsalter vu 16 op 18 Joer
D'Iddi war et den Taux u Schoulofbréch ze miniméieren. Dee Gesetzesprojet vum Claude Meisch war virun 2 Joer (2023) vill an der Diskussioun.
De Staatsrot hat deemools beim éischten Entworf néng Oppositioune formuléiert. Am éischten Entworf war zum Beispill kee Kader gesat fir Mineuren tëschent 16 an 18 Joer déi wéilte schaffe goen.
De Kompromëss ënner der deemools nach DP-LSAP-déi gréng Koalitioun war, et datt Schüler:inne mat engem Aarbechtskontrakt, och virun 18 Joer vun der Schoulflicht befreit sinn.
Domat gouf de Gesetzesprojet ugeholl a vun nächster Rentrée u gëtt den Alter eropgesat.
Finanzbildung an der Schoul
De Minister hofft, datt déi éischt Mesurë scho vun der Rentrée un a Kraaft trieden. Dat sot hie bei de Presentatioun vun deem Plang.
Déi Finanzbildung sollt sech deemno scho vun der Spillschoul un, als ee Konzept bis Première zéien.
An der Spillschoul soll een Theaterstéck mat Marionetten de Kanner Notioune wéi Tauschen, limitéierte Ressourcen oder tëschent Besoinen a Wënsch differenzéieren, méi no bréngen.
Fir déi méi héich Klasse wier ee sougenannte Finanzführerschein a spezialiséiert Sektioune ronderëm d‘Finanzwelt geplangt.
De Projet Alpha an d'Eropsetze vum Schoulflichtsalter op 18 si jo och schonn zwou grouss Ännerungen.