Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alex Lahey - They Wouldn't Let Me In

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reform vum Zougank zur Magistratur: Wat wäert sech änneren?

Justiz

Reform vum Zougank zur Magistratur: Wat wäert sech änneren?

Den Zougank zur Magistratur ze reforméieren: Dat ass en Zil vun der Justizministesch Elisabeth Margue. Datt dat net vu Muttwëll ass, beweisen d'Opriff, déi d'Justiz reegelméisseg a scho bal verzweiwelt op hirem Internetsite mécht fir Leit dozou ze bréngen, Riichter ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Sam Tanson, Virgängerin vun der Elisabeth Margue, hat en éischte Projet an deem Sënn op de Wee bruecht. D'CSV-Politikerin huet déi Virlag bäibehalen, där hiren Akzent dorop läit, datt méi Plaze fir Attaché-de-justicë geschafe ginn, wéi an der Vergaangenheet. Déi sinn eng éischt Etapp um Wee zum Riichter.

94 Attachésposten iwwer déi nächst 3 Joer

D'Ministesch wëllt virum Hannergrond vum Manktem u Riichtere Leit mat anere Beruffsprofiller fir d'Magistratur gewannen. Gesicht gëtt an der Haaptsaach no Persounen, déi Experienz hunn an den Domainer Verwaltung, Ekonomie, Finanzen, Steieren oder Soziales. D'Commission du recrutement et de formation des attachés de justice kann entspriechend Leit zu de Rekrutementsprozeduren zouloossen, wann d'Kommissioun fënnt, datt de Persounen hir Beruffserfarung si qualifizéiert fir Riichter ze ginn.

Am Gespréich erënnert d'Elisabeth Margue drun, datt virun zwou Wochen e pluriannuelle Plang an der Chamber guttgeheescht gouf, dee 94 Attachésposte virgesäit iwwer déi nächst 3 Joer. Bis dato wier just iwwer de Barreau rekrutéiert ginn. Dozou hätt ee sech eng ganz bestëmmte Fro gestallt, esou d'Justizministerin.

“Firwat limitéiert een et just op de Barreau? Well et gëtt ganz vill Leit, déi och en cours de route um Barreau ophalen, déi vläicht keng 5 Joer um Barreau waren, déi awer vläicht eng ganz interessant Erfarung kéinten hunn, déi si kéinten als Magistrat och benotzen.”

Positiven Trend

D'Justizministesch ënnersträicht, datt an der rezenter Vergaangenheet bei 30 Posten normalerweis eng 15 Leit fonnt goufen. Dofir wier et positiv, datt dëst Joer mat hirer 28 souvill Kandidaten zeréckbehale goufe wéi scho laang net méi. Interessant wier et ze gesinn, wéi grouss den Interessi ass fir iwwer esou eng Passerell an d'Magistratur ze kommen. Optimistesch ass d'CSV-Politikerin op alle Fall, datt déi gutt Chiffere vun dësem Joer e gewëssenen Trend virginn.

Viraussetzung bleift am Prinzip eng Beruffsexperienz am Beräich vum Droit. Nieft Affekote kënnen och Juristen aus dem ëffentlechen oder private Secteur eng Kandidatur stellen, fir Attaché ze ginn, woubäi zwou Konditiounen ze erfëlle sinn: Et brauch op d'mannst 5 Joer Experienz, wann een iwwer Dossier wëllt rekrutéiert ginn, a beim Recrutement iwwer Exame gouf et eng liicht Upassung:

“... well et muss een elo zwee Joer Expérience professionnelle hunn, fir iwwer Exame kënnen ze postuléieren.”

Kloerheet bei de Sproochenniveauen

An deem Sënn wier de Pool vu Juristen, déi a Fro kommen, ze erweideren, erkläert d’Elisabeth Margue, déi nach ervirhieft, datt d'Konditioun vun der Nationalitéit bestoe bleift a bei de Sproochkompetenze Kloerheet geschafe gëtt. Bis ewell war vun enger "connaissance adéquate" an 3 Sprooche rieds. Elo ginn d'Niveaue festgeluecht.

“Wann een am Lëtzebuerger Schoulsystem war oder sou, do hu mir kloer dann och direkt virgesinn, a wéi engem Fall een dann eng Dispens an där Sprooch hätt.”

Fir datt Kandidate wëssen, ob si eng reell Chance hu fir geholl ze ginn oder net, betount d'Ministesch; fir déi et donieft och d'Méiglechkeet gëtt vun enger Dispens vun de complementairë Coursen am Lëtzebuerger Droit, wann een eng Formatioun oder Qualifikatioun huet, déi vun der Justiz besonnesch gesicht ass. 

Lauschterenplay_arrow