arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Referendum iwwer eng nei Tempolimitt

Gemeng Leideleng

|
headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Referendum iwwer eng nei Tempolimitt

An der Gemeng Leideleng ass dëse Sonndeg de Referendum iwwer d’Reduktioun vun der maximaler Vitess op de Stroossen. De Buergermeeschter Lou Linster huet am Virfeld däitlech gemaach, datt ee beim Referendum eng “radikal Léisung” fir d’Verkéiersberouegung géif proposéieren.

headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel)

“Sidd Dir dofir, datt d’Vitesslimitt um Territoire vun der Gemeng Leideleng vu 50 op 30 Kilometer an der Stonn op allen Haaptstroosse bannent der Uertschaft an de kommende Joren erofgesat gëtt?”: dat ass d’Fro, déi d’Wieler iwwermuer musse beäntwerten.

Eng besser Liewensqualitéit zu Leideleng duerch manner Duerchgangstraffic, a méi Sécherheet: Dat sinn Ziler, déi dem Buergermeeschter Lou Linster no géifen dofir schwätzen, déi maximal Vitess a senger Gemeng op 30 Kilometer an der Stonn ze reduzéieren. Fir ze garantéieren, datt dës Vitess agehale gëtt, géifen an den nächste Joren eng Rei baulech Mesuren ëmgesat ginn.

Kritik géint Berliner Këssen

Deementspriechend Machbarkeetsstudië goufe bei enger Informatiounsversammlung viru gutt dräi Wochen zu Leideleng virgestallt, am Virfeld vum Referendum vun dësem Sonndeg.

Den Haaptkritikpunkt bei där Versammlung waren déi geplangten zousätzlech sougenannte “Berliner Këssen” op de Stroossen, fir de Verkéier ze berouegen. Dës Këssen aus Gummi oder Plastik sollen d’Vitess vun de Gefierer op ënner 30 Kilometer an der Stonn reduzéieren.

“Mir wunnen hei bei der Kierch, direkt hei virdrun, an do ass jo och sou e schéint Këssen. An déi Berliner Kësse maachen eigentlech méi Kaméidi, wéi datt se d'Autoen ofbremsen. Well déi Leit, déi SUVe fueren, déi knallen einfach mat 50, 60 driwwer. Deenen ass dat richteg egal eigentlech, ob dat elo ee Këssen ass oder net.”

Ee Bauer huet kritiséiert, datt mat de “Berliner Këssen” méi futti gemaach géif ginn, wéi se wäert wieren. Hie wier kloer dogéint.

“Wann Dir d’Stroosse wëllt méi héich maachen, erop an erof, guer kee Problem, sinn ech esou guer dofir. Awer déi Berliner Këssen: Mir maachen eis Autoen, d'Amortisseure gi futti gemaach, plus déi Maschinnen all. Ech hat virun engem Joer virgeschloen, eng Kéier mat op den Trakter ze klammen, ech géif weise wéi dat doten ass. Dat geet och an d'Réckkräiz. Dat ass net ze maachen, déi Berliner Këssen.”

"Net mam Kapp duerch d'Mauer"

An hire schrëftlechen Äntwerten op Froen aus der Informatiounsversammlung huet de Schäfferot vu Leideleng duerno däitlech gemaach, datt d’Gemeng net op d’Installatioun vun de “Berliner Këssen” als Verkéiersberouegungsmoossname géif insistéieren. Dozou de Buergermeeschter Lou Linster dës Woch am 100,7-Interview.

“Als Politiker däerf ee jo net mam Kapp duerch d'Mauer goen a mir lauschtere jo de Leit no. Ech mengen dofir maache mer net nëmmen e Referendum, mee hu mer och déi Infoversammlung am Virfeld gemaach. An, nee, mir hunn do verstanen, datt dat ganz onpopulär ass an dofir de Leit och gesot, wat mer och scho fir aner Stroosse gemaach hunn, déi mer frësch maachen, datt mer eis eebe Strooss fir Strooss mat den Awunner aus där respektiver Strooss zesummesetzen an dann eeben zesumme mat hinnen, déi Mesuren, déi do sollen ëmgesat ginn, beschwätzen a plangen.”

Een anere Kritikpunkt um Informatiounsowend de 17. September zu Leideleng war de geplangte Bau vun zousätzleche Vëlospisten an d’Konsequenzen dovun.

“Dat gëtt och laanscht d’Haiser gemaach. Ech fuere ganz vill Vëlo. Mee dat doten, dat gëtt eng liewensgeféierlech Saach. Well all déi Leit, déi aus de Garage erausfueren, de Foussgänger, dee bleift stoen, mee ee Vëlo bleift net stoen, da maachen déi Leit awer mol alleguerten hir Hecken ewech, déi laang d'Strooss sinn, fir ze gesinn, wann ee Vëlo kënnt. Dat ass elo méi geféierlech dat doten, wéi wa mir mat de Vëloen op der Strooss fueren.”

Kritiséiert gouf donieft, datt duerch de geplangte Bau vu Vëlospisten zu Leideleng Parkplaze fir Autoen ewech falen.

“Wann ech dat jo elo richteg verstanen hunn, ass de Referendum just fir 30 a 50, mat de bauleche Moossnamen an der Strooss, an d'Vëlosweeër maacht dir egal wéi.”

Auto bleift dominant

Dat huet de Buergermeeschter Lou Linster och dës Woch esou am 100,7-Interview bestätegt.

“Jo, dat ass richteg. D'Vëlospisten, déi gehéieren zu engem gesamte Mobilitéitskonzept, wat mer dann an der Gemeng amgaange sinn auszeschaffen. Mir kënne jo elo net esou weiderfueren. Dat gëllt fir Leideleng, dat gëllt awer och fir ganz Lëtzebuerg. An dat gëtt de Plan national mobilité jo och vir, datt mer musse kucken d'Undeeler vun der Mobilité douce, also Foussgänger a Vëlo eropzesetzen. (...) Den Auto wäert nach ëmmer ganz dominant bleiwen. Do brauche mer eis näischt vir ze maachen.”

Een anere Bierger vu Leideleng gesäit de Risiko, datt wann Tempo 30 zu Leideleng kënnt, aner Gemenge ronderëm kéinten nozéien.

“An da fuere mer just nach mat 30 duerch d’Land. An déi Leit, déi da vu méi wäit schaffe kommen, wann déi op der Grenz erafueren, da brauchen déi nach eng Stonn weider fir schaffen ze kommen. An et sinn déi Leit, déi d'Sue bréngen, net mir al pensionéiert Leidelenger, déi net wësse wat mer solle mat der Zäit ufänken, an da mam Auto ronderëm fueren.”

E puer Deeg virum Referendum, huet de Buergermeeschter Lou Linster festgestallt, datt d’Leit a senger Gemeng elo gespaant wiere, wéi de lokale Referendum zu Tempo 30 zu Leideleng wäert ausgoen.

“Et ginn natierlech eng Partie Leit, déi dat keng gutt Iddi fannen, well se soen da verléiere mer vill Zäit, et gëtt Chantieren an et ass ee séier an engem Delit de grande vitesse. Mee et sinn awer och aner Leit, ganz vill Leit, déi frou sinn, dass mer dee Referendum do lancéiert hunn, eebe fir déi Problemer, déi mer am Verkéier hunn, mol eng Léisung op den Dësch geluecht hunn, wéi dat kéint op d'mannst zum Deel geléist ginn.”

Vun den 2.767 Awunner vu Leideleng kënnen ee Sonndeg 1.328 Persoune beim lokale Referendum hir Stëmm ofginn. D’Resultat soll am Laf vum Nomëtteg virleien.

play_arrow Lauschteren