Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Adele - Rolling In The Deep

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Trauerspill" an "Desaster": Grouss Enttäuschung nom Réckzuch vum potentielle Repreneur Tosyali

Liberty Steel Site

"Trauerspill" an "Desaster": Grouss Enttäuschung nom Réckzuch vum potentielle Repreneur Tosyali

Ee weideren Akt vun engem Trauerspill ouni Enn: Esou beschreift den Aarbechtsminister Georges Mischo de Réckzuch vum méigleche Repreneur vum faillite Stolwierk Liberty Steel zu Diddeleng. Déi tierkesch Holding Tosyali huet sech virgëschter offiziell zeréck gezunn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Ganz iwwerraschend schéngt de Réckzuch fir de Georges Mischo net komm ze sinn. Et hätt sech an de leschte Wochen ëmmer méi erausgeschielt, esou den Aarbechtsminister.

“Ech hat kee gutt Gefill, well op eemol Froe komm si vum potenzielle Repreneur, wat d'Quotaen a Volumme vum Stol an Europa uginn, wat d'Paie vun de Salariéë géifen ugoen. An dat huet mech wierklech ganz skeptesch gestëmmt. A gëschter Owend hunn de Minister Delles an ech een offizielle Bréif kritt vum potenziell Repreneur, dass si sech géifen zeréckzéien.” 

"Desaster" fir déi betraffe Salariéeën

Och d’Gewerkschafte féieren den Echec vun der Iwwernam vu Liberty Steel op Stol-Reglementatiounen an der EU zeréck: D‘Quantitéiten u Stol, déi Tosyali aus der Tierkei an aus Algerien heihinner wollt importéieren, géifen nämlech iwwer dem Seuil leien, deen eng entspriechend EU-Reglementatioun zouléisst. Domat wier de Site zu Diddeleng fir Tosyali net rentabel, esou de Robert Fornieri vum LCGB.

Hien nennt d‘Situatioun een "Desaster" fir déi betraffe Salariéeën.

“C'est maintenant une situation dramatique et catastrophique que l'on redoutait, qu'on ne s'attendait pas à avoir dans ce cas de figure, surtout pas avec le repreneur qui a refait une offre très sérieuse et très appréciable pour l'avenir du site avec des investissements conséquents et une sériosité exemplaire.”

Gesetz soll geännert ginn

D‘Gewerkschaften hoffen, datt de Curateur elo mat den anere potentielle Repreneuren nees Kontakt géif ophuelen. 
Well déi ronn 130 Salariéeë vum faillite Stolwierk zu Diddeleng den Ament keen Employeur hunn, kënne si deemno - dem aktuelle Gesetz no - net vun engem Plan de maintien dans l’emploi profitéieren a kréie kee Salaire méi.

Dem Georges Mischo no wéilt een d’Gesetz elo adaptéieren. Een Zäitplang dofir géif et zwar nach net ginn, d’Urgence vum Dossier wier awer erkannt, esou de Minister Enn leschte Mount.

 

Lauschterenplay_arrow